arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënnegung vum Philippe Wilmes: Och d'Mediepresenz en Argument vun den HRS

Affär Wilmes

|
reading time

2 min

Kënnegung vum Philippe Wilmes: Och d'Mediepresenz en Argument vun den HRS

D’Hôpitaux Robert Schuman argumentéieren d‘Kënnegung vum Agrément vum Dokter Philippe Wilmes mat grave Motiver. Engersäits wéinst senge Knéibehandlungen an anersäits wéinst senger Campagne an der Ëffentlechkeet. Déi RTL-Informatioun krute mir vun enger gutt informéierter Source confirméiert.

reading time

2 min

Dokter | © Marcelo Leal / Unsplash
Dokter (Foto: Marcelo Leal / Unsplash)

De Porte-Parole vum Groupe HRS wëll d’Informatioun net kommentéieren. 

Wéi mir dat scho gemellt haten, huet de Groupe HRS seng Decisioun op Basis vun engem Rapport vun engem Paräisser Expert geholl. De Philippe Beaufils aus dem Centre Hospitalier vu Versailles huet sech d’Fäll vu Patienten ugekuckt, déi operéiert goufen, an där, déi sollten operéiert ginn.

Net nëmmen d'Operatiounen hunn zur Kënnegung gefouert

Wéi RTL elo gemellt huet, kritt den Dokter Philippe Wilmes och eng demesuréiert Mediecampagne virgeheit, déi dem Ruff vum Groupe HRS geschuet hätt. De Philippe Wilmes kritt vun aneren Dokteren Operatiounen u gesonde Kräizbänner virgeheit. Hien dierf am Moment net méi operéieren.

Fir de Gesondheetsministère leeft eng Expertise, a virum Collège Médical muss den Dokter sech eisen Informatiounen no wéinst méigleche Verstéiss géint d’Deontologie an och wéinst 27 Fäll veräntwerten

Affekot vum Dr. Wilmes contestéiert d'Argumenter vun den HRS

D'Defense vum Dr. Wilmes contestéiert, "d'faits graves", déi an der Kënnegung erwäänt ginn. Iwwerdeems wier den Dr. Wilmes net iwwer d'Expertise vum Paräisser Expert informéiert ginn an hätt och keen Zougrëff op d'Resultater vun där Expertise. Den Affekot François Prum bedauert, datt vertraulech Informatioun esouwuel vun den Hôpitaux Robert Schuman, wéi och vum Collège medical géifen an der Ëffentlechkeet zirkuléieren.