arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ministesch: Expertis als eenzeg Méiglechkeet fir Liicht an d'Affär Wilmes ze kréien

Gesondheetspolitik

|
headphones

2 min

Ministesch: Expertis als eenzeg Méiglechkeet fir Liicht an d'Affär Wilmes ze kréien

Déi eenzeg Méiglechkeet fir Liicht an d'Affär Wilmes ze kréien, wier d'Expertis, esou d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez an der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Experte géifen de ganzen Accès op alleguer d'Dossiere kréien.

headphones

2 min

Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

Si kéinten déi concernéiert Patient:innen ruffen. Dofir mussen d'Patient:innen dann hiren Accord ginn.

Wann déi zwee Experten, déi bis ewell vun der Defense an der Santé genannt goufen, sech "an den nächsten Deeg" net op een drëtten Expert wäerten eenegen, da wäert e Geriicht saiséiert ginn, esou d'Martine Deprez. 

Deprez hofft op Rapport éier Delai ofgelaf ass

Op d’Fro hin, wat géif geschéien, wa bis zum Oflaf vum Delai an zwee Méint keng Expertis géif um Dësch leien, sot d’Ministesch, et géif ee lo mol drop waarden, wat een als Retour kritt, wéi een Delai d'Experten nennen.

"A mir hoffen, datt dann de Rapport, d'Expertis do läit, éier den Delai ofgelaf ass."

Wat de Choix vun der Expertin vun der Santé ugeet, do hätt een nëmmen déi "Bescht vun de Beschte" wéilten huelen, esou d’Ministesch. 

"Wéi hu mer eis ugeluecht fir déi Bescht vun deene Beschten ze sichen? Ma et gëtt eng international Vereenegung, wou déi Bescht vun deene Beschten dra sinn. A bei deenen huet den Direkter vun der Santé dann een, zwee, dräi kontaktéiert a bei deenen zwee, dräi, déi mer kontaktéiert hunn, dann dee Beschte vun deene Beschten erausgesicht." 

D'Missioun wier vum Ministère definéiert ginn a géif sech dorop bezéien, ob verschidde Knéi-Operatioun vum Dokter Wilmes, déi vun aneren Dokteren a Fro gestallt ginn, effektiv indizéiert waren.

Dee Virschlag wier op en Neits un den Dokter Wilmes geschéckt ginn, ma et hätt ee bis ewell keng Äntwert vun der Defense krut, esou nach d'Martine Deprez.

Kee Grond fir un Expertis ze zweifelen 

D'Ministesch gouf vun den Deputéiert op en Neits op méiglech Prozedurfeeler beim éischten Avis vum Collège médical ugeschwat. Si wollt net dorop agoen. Dat, well den Ament d’Prozedur vum Recours administrativ um Fong géif lafen an do wéilt een net virgräifen, esou d’Martine Deprez. 

"Sou wéi ech gesot hunn, hat ech a meng Verwaltung keng Ursaach, drun ze zweifelen, datt deen Avis en bonne et de forme geholl ginn ass. An an där Logik fuere mir elo virun."

D’Ministesch muss op Basis vun enger Expertis bis an zwee Méint decidéieren, ob d’Suspendéierung vum Dokter Wilmes verlängert gëtt oder net.