All Leeschtung vun engem Dokter huet eng gewëssen Zuel u Punkten. An déi Punkte gi mat der Lettre-clé multiplizéiert an dat Resultat ass dann de Betrag, wéi vill déi Leeschtung kascht.
Hei ass et drëm gaangen, ëm wéi vill dee Wäert soll fir d’Joren 2025 a 26 gehéicht ginn. Dat gëtt all zwee Joer nei verhandelt tëschent der Dokteschvereenegung an der CNS. D'Resultat ass, datt dee Wäert eeben dës Kéier net gehéicht gëtt.
Dokteschvereenegung net frou iwwer Urteel
D'lescht Joer gouf ee sech an de Verhandlungen net eens. Also koum et duerno zu enger Mediatioun, wou dann - einfach gesot - weider verhandelt gouf. An och do si sech d'AMMD an d'CNS net eens ginn, d’Doktere wollten e Plus vun 2,68 Prozent, d’CNS wéinst de finanziellen Engpäss vun der Gesondheetskeess ass mat 0 Prozent an d’Verhandlunge gaangen.
Well d’Mediatioun gescheitert ass, huet elo de Conseil Superieur vun der Sécurité social missen tranchéieren an huet esou ze soen de Schidsriichter misse spillen. De Wäert vun der Lettre-clé gouf also elo duerch Riichterinnen a Riichter op Null Prozent fixéiert.
Hätte si sech an der Mediatioun gëeenegt, hätte si 1,34 Prozent kritt. Dat louch als Kompromëss um Dësch. 1,34 Prozent ass jo de Mëttelwäert tëschent 0 an 2,68 Prozent.
Ass de System esou schlecht wéi duergestallt?
Hätt d’AMMD net besser gehat, si hätt déi 1,34 an der Mediatioun akzeptéiert? De Chris Roller gesäit dat net esou. Dem AMMD-President geet et generell ëm de System, wéi d'Lettre-clé verhandelt gëtt.
"Dat eent, also d'VLC, dat ass eng Zuel. Dat ass net elo den Haaptproblem. Den Haaptproblem ass e bëssen, ass insgesamt, wéi dee System opgebaut ass. Nämlech, datt mir als Prestataire all zwee Joer hei mussen negociéieren, wärend aner Acteuren am Gesondheetssystem automatesch Upassungen hunn."
Wann de Kuch méi kleng gëtt, géifen déi automatesch Adaptatiounen op der enger Säit weidergoen, esou de Chris Roller,
"An als Prestataire kritt der dann ënner Ëmstänn ëmmer manner. An dofir, wéi gesot, fir eis ass d'Zuel u sech net elo den Haaptauschlaggebende Punkt, mee et ass éischter de System. A fir an Zukunft de System esou oprechtzëerhalen, dat gesinn ech als schwiereg."
Och datt elo Riichterinnen a Riichter doriwwer decidéiert hunn, fënnt de Chris Roller net gutt.
Dat gesäit de Verwaltungsrot vun der CNS natierlech anescht. De Carlos Pereira vum OGBL seet dozou zum Beispill, datt de Systeem net schlecht wier.
"Mir hunn als CNS gesot, et muss jo iergendwou eng Méiglechkeet bestoen, fir datt ee kann doriwwer verhandelen, fir datt een awer och dee Wäert an d'Luucht gëtt.
Am Ufank hätt een dat och gemaach, esou de Carlos Perreira.
"Op eemol ware mir an der Situatioun, datt si net méi wollte verhandelen, obwuel si 1,34 Prozent um Dësch haten. Hätte si déi Zäit zougesot, dann hätte si déi 1 ,34 Prozent. An elo hu si se net. Do fänke si bei Null un. De System ass ëmmer kritikabel, mee de System ass net esou schlecht, wéi et dohinner gestallt gëtt."
Match vun den Tariffer huet d'AMMD verluer
D'Dokteschvereenegung kritiséiert awer generell, wéi de Gesondheetssystem hei zu Lëtzebuerg funktionéiert. Hinnen ass en net liberal genuch an dee Match leeft nach.
D'Verhandlunge fir eng nei Konventioun sinn den Ament amgaangen - wéi et do aktuell steet, gëtt een net esou einfach gewuer. Mee de Chris Roller sot jo nach am Dezember, datt et net géif duergoen eng nei Konventioun ze verhandelen, mee datt et als éischt gesetzlech Upassunge bräicht.
An dobäi wende si sech ëmmer nees hoffnungsvoll un de Premier Luc Frieden selwer, deen awer bis ewell zimmlech wéineg dozou gesot huet.