arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dr. Wilmes äussert sech am public: „Reprochë lächerlech, Expertise net valabel“

Affär Wilmes

|
reading time

1 min

Dr. Wilmes äussert sech am public: „Reprochë lächerlech, Expertise net valabel“

Den Dokter Philippe Wilmes huet sech haut eng éischte Kéier op enger Pressekonferenz zu de Virwërf geäussert, datt hie gesond Kräizbänner operéiert hätt. D’Reprochë wiere lächerlech an d’Prozedure géint hien eng Violatioun vum Rechtsstaat, esou den Orthoped.

reading time

1 min

Op der Pressekonferenz dobäi ware seng zwee Affekoten, eng Patientin an dräi aner orthopädesch Dokteren, dovun zwee aus dem Grupp HRS, wou hien déi lescht Joren operéiert huet bis hie vum Gesondheetsministère verbuede krut bis op Weideres ze operéieren. Haaptmessage vun der Pressekonferenz war, datt d’Expertise, déi am Optrag vum Gesondheetsministère realiséiert gouf, net valabel wier.

Fir déi Expertise, déi gesetzlech gereegelt ass, hat den Dr. Wilmes selwer kënnen een Expert nennen, de Ministère deen aneren, an déi zwee si sech op en Drëtten eens ginn. Déi dräi Experte koumen unanime zur Conclusioun, datt den Dr. Wilmes an zéng Fäll onjustifiéiert Kräizbandoperatioune gemaach hätt.