Radioen

On air

Concert  |  Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

play_arrow Live
search

/ Déifferdénger LSAP-Schäffe Fred Bertinelli ass dout

National Politik

Déifferdénger LSAP-Schäffe Fred Bertinelli ass dout

Den Déifferdenger LSAP-Schäffe Fred Bertinelli ass dout. Dat huet d‘LSAP zu Déifferdeng gëschter Owend op Facebook an engem Post matgedeelt. Si beschreift de Fred Bertinelli als „emblematesch Figur“ vun der Stad.

auto_stories

1 min

Fred Bertinelli | © LSAP Déifferdeng
Fred Bertinelli (Foto: LSAP Déifferdeng)

De Fred Bertinelli war 63 Joer al a méi wéi 30 Joer laang an der Gemengepolitik aktiv.

De Fred Bertinelli war zu lescht Schäffen an der aktueller Déifferdenger LSAP-CSV-Koalitioun ënnert dem Buergermeeschter Guy Altmeisch. Hie war och an der Sportswelt bekannt. De Fred Bertinelli koum aus dem Karate a war véier Joer laang President vun der FLAM, dem nationale Kampfsportverband.