Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
search

/ Déidlecht Accident op der Iechternacher Strooss

Gëschter Owend

Déidlecht Accident op der Iechternacher Strooss

D‘Police mellt een déidlecht Verkéiers-Accident gëschter op der Iechternacher Strooss. En 19-Joer alen Awunner vu Jonglënster wier dobäi ëm d‘Liewe komm, sou d‘Police an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Zwee Autoe ware frontal anenee gerannt op der Héicht vu Lauterbuer gëschter Owend géint 18 Auer. Ee vun den Autoe gouf géint een drëtten Auto geschleidert. Dee 19-Joer alen Awunner vu Jonglënster ass nach op der Plaz gestuerwen. Deen zweete Chauffeur gouf liicht blesséiert. D‘Streck war bis spéit Owes gespaart.