Radioen

On air

Notturno  |  Townes Van Zandt - No Lonesome Tune

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltwäite Wirtschaftswuesstem gebremst

Wirtschaft

Weltwäite Wirtschaftswuesstem gebremst

Wéinst den aktuellen Onsécherheete wiisst d’Weltwirtschaft den Ament manner séier, wéi nach virun enger Zäit geduecht. Dat geet aus der neister Prognos vun der Organisatioun Ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung ervir. Der OECD no suergen de Krich an der Ukrain, esou wéi och Handelskonflikter tëschent den USA an aneren Ekonomië fir onroueg Zäiten. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© pressefoto_korb | Micha Korb play_arrow
(Foto: pressefoto_korb | Micha Korb)

D’Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung huet hir Prognos fir de weltwäite Wirtschaftswuesstem op en neits no Ënnen ugepasst. 

Stëllstand

Deemno rechent d’OECD elo fir 2025 mat engem globale Wuesstem vun nëmmen nach 3,1 Prozent. Domat géif een um Taux vum lëschte Joer hänke bleiwen. Besonnesch d’Prognose fir déi westlech Wirtschaft fale méi schlecht aus wéi erwaart. 

An Europa gehéieren déi 2 Wirtschaftsriesen Däitschland a Frankräich zu de grousse Verléierer vun der neister Aschätzung. Wärend Frankräich nëmme liicht ënnert den Erwaardunge läit, rechent d’OECD an Däitschland mat just ronn hallef sou vill Wuesstem, wéi nach zejoert erwaart. 

Mee och den amerikanesche Wirtschaftswuesstem gëtt méi schwaach ageschat wéi nach d’lescht Joer. E potentiellen Handelskrich tëschent den USA a sengen Nopeschlänner ënnert dem Donald Trump senger Regierung suergt fir vill Veronsécherung.  

Onsécherheeten 

Mam Dow Jones ass dee wichtegsten Aktien-Index un der amerikanescher Bourse zënter Mëtt Februar um Falen. Déi weltwäit Wirtschaft géif Momentan duerch onrouegt Gewässer seegelen, sou d’Conclusioun vum Chef-Ekonomist Alvaro Santos vun der Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung. 

Fir Lëtzebuerg rechent de Statec dëst Joer mat enger Croissance vum PIB vun 2,5 Prozent. Déi Previsioun ass allerdéngs scho vum Dezember. Ob se bei 2,5 Prozent bleift, bleift ofzewaarden.  

Lauschterenplay_arrow