Ënner anerem huet de Gabriel Attal annoncéiert, datt Frankräich den aktuelle Referenzindicateur fir de Gebrauch vu Pestiziden ze reduzéieren, wäert fale loossen. Dësen Indicateur gëtt vun Ëmweltschutzorganisatioune begréisst, mee vun de Baueresyndikater kritiséiert.
Deen Indicateur géif ofgeschaaft ginn, sou wéi d‘Baueren dat gefuerdert haten. Den europäeschen Indicateur géif awer bäibehale ginn a Frankräich géif weider um Zil festhalen, fir de Pestizidverbrauch bis 2030 ëm 50 Prozent ze reduzéieren.