Dofir suergen, datt de Regierungsprogramm ëmgesat gëtt, esou huet - e puer Wochen no der Vereedegung – de Premier a fréiere President vun der Handelskammer Luc Frieden seng nei Roll beschriwwen.
"Et ass wéi de Generaldirekter vun enger Firma. Et muss ee kucken, datt déi Firma zesummen no vir kënnt, datt all d’Membere vun der Leedung vun där Firma an déi nämmlecht Richtung zéien."
De Léon Gloden an d'Heescheverbuet
Ee vun de Memberen, den Inneminister Léon Gloden, huet an den éischte Woche vun der neier Regierung d’Reglement vun der Stad Lëtzebuerg fir dat ëmstriddenen Heescheverbuet validéiert, wat de Luc Frieden esou kommentéiert huet:
"D’Regierung an den Inneminister sinn der Meenung, datt dat, wat do d’Stad Lëtzebuerg proposéiert, datt dat an der Rei ass, datt dat och konform ass zur Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, well et jo net esou ass, datt déi Leit einfach keng aner Alternativ hunn."
Vill Diskussioune goufen et iwwert d’Fro, ob d’Heescheverbuet juristesch an der Rei ass. Déi fréier Inneministerin Taina Bofferding hat d’Reglement vun der Stad net gutt geheescht. Als nei LSAP-Fraktiounscheffin huet si Mëtt Dezember Folgendes festgestallt:
"Ech fannen et perséinlech speziell wa viru sechs Méint juristesch Elementer gegollt hunn, a sechs Méint duerno op eng Kéier net méi solle gëllen."
Finanz- a Wirtschaftspolitik vu schwaarz-blo
De Steierbarème gouf Ufank vum Joer zum Deel ugepasst, fir fir méi Kafkraaft ze suergen. Mëttelfristeg soll de Barème ganz un d’Inflatiounsentwécklung ugepasst ginn, wann déi finanziell Situatioun et erlaabt, huet den neie Finanzminister Gilles Roth Enn November annoncéiert.
"Dat anert gëtt gemaach, au fur et à mesure vun der Zäit, a selbstverständlech ginn nach dann déi Indextranchë berengegt, déi nach erfalen."
An der Debatt iwwert d’Regierungsdeklaratioun e puer Deeg virdrun hat d’Oppositioun un den “extrem ongewëssen internationale Kontext” erënnert. Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet un d’Adress vun der Regierung gesot ...:
"Dir hutt Iech an dësem Accord keng Gedanken driwwer gemaach, wat geschitt, wann är Wett net opgeet. Wat gëtt dann nach ëmgesat? Wat gëtt dann nach gebaut?"
Decidéiert huet d’CSV-DP-Regierung schonn, datt Deeler vum Bausecteur fir sechs Méint an der Kris sinn, an et doduerch Vereinfachunge bei der Kuerzaarbecht ginn. Donieft goufen Ufank vun dësem Mount Mesurë presentéiert, déi “neie Schwong fir de Wunnengsbau” solle bréngen. Dëse Logementspak wier “pueren Aktionismus”, huet de lénken Deputéierten David Wagner kritiséiert.
"D’Regierung weess et ganz genau, datt et brennt zu Lëtzebuerg. (...) A si weess och, datt d’Leit kapabel sinn, wierklech ze protestéieren."
Bauereprotester an de Kampf géint Klimawandel
Protestéiert haten déi virlescht Woch zu Schengen jonk Baueren aus Lëtzebuerg an aus den Nopeschlänner, géint déi europäesch Politik. Zwee Deeg drop hat de Premier Luc Frieden Vertrieder vun der nationaler Landwirtschaft am Staatsministère empfaangen.
"D’Bauere si wichteg Acteure vum Ëmweltschutz a vum Naturschutz. An et kann een hinnen net eppes imposéieren, mee et muss ee mat hinne pragmatesch Reegelunge fannen, fir datt hir Betriber och muer kënnen iwwerliewen."
De Kampf géint de Klimawandel, grad wéi Natur- an Ëmweltschutz, bleiwe fir déi nei Regierung wichteg, hat de Luc Frieden scho Mëtt Dezember betount. Hien huet awer och gesot, datt et manner Virschrëfte wäerte ginn.
"De Wee dohinner wäert een anere ginn. Well mir gemierkt hunn, datt vill Leit es e bësse genuch haten, datt jiddwereen hinne seet, wéi si ze liewen an ze handelen hunn. De Mënsch ass ee fräie Mënsch."
Causa Meisch
All Membere vun der Regierung musse sech ëmmer virbildlech verhalen: mat dësem Rappel huet de Premier Luc Frieden an der sougenannter “Affär Meisch” reagéiert. Eng jonk DP-Kandidatin hat behaapt, de Minister Claude Meisch hätt an engem Restaurant eng Fra u sengem Dësch geschloen. De Politiker an d’Fra hunn dat dementéiert, hat och de radio 100,7 den 8. Februar gemellt: D’Fra sot eis, si wier zu kengem Zäitpunkt kierperlech aggresséiert ginn. De Claude Meisch sot eis, hien hätt an engem private Kontext eng verbal Ausernanersetzung gehat, wat hie staark géif bedaueren.