Radioen

On air

9 bis 1  |  Djo - Delete Ya

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Transatlantesch Relatioun: Luc Frieden bleift optimistesch, Franz Fayot gesäit dat anescht

Aussepolitesch Chamberkommissioun

Transatlantesch Relatioun: Luc Frieden bleift optimistesch, Franz Fayot gesäit dat anescht

De Luc Frieden hofft - trotz den Evenementer aus de leschte Wochen - op weider gutt Relatioune mat den USA. Dat huet de Premier gëschter um Méindeg nach eng Kéier däitlech gemaach no sengem Echange mat den Deputéierten aus der aussepolitescher Chamberkommissioun. 

auto_stories

2 min

© SIP / Julien Warnand
(Foto: SIP / Julien Warnand)

D'Europäer wiere sech bewosst, datt si méi op eegene Féiss misste stoen, esou de Luc Frieden, deen erkläert huet, datt Europa der Meenung wier, eng gutt transatlantesch Relatioun ze hunn.

"Well Amerika ass eise Partner, souwuel an der NATO, wéi och ekonomesch. An dofir soll een alles maachen, datt een Europa stäerkt, ouni d’Relatioune mat Amerika futti ze maachen."

Lauschterenplay_arrow

Franz Fayot schwätzt vun Naivitéit

Et wier beonrouegend, datt déi Lëtzebuerger Regierung ëmmer nach op eng "bëssen naiv Aart a Weis" un de "groussen amerikanesche Brudder" géif gleewen, fënnt den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Hie schwätzt - nom Eclat vun e Freideg zu Washington - vun enger "Rupture vun der transatlantescher Relatioun".

"Kloer ass, dass et an Europa eng renforcéiert Kooperatioun gëtt tëschent de grousse Länner: Frankräich, Groussbritannien, Polen, déi den eescht vun der Situatioun ganz gutt verstanen hunn, no der Reunioun e Freideg, no deem lamentabele Bashing vum Selenskyj, vun Trump a Vance. Déi verstanen hunn, datt mir mussen urgent elo an eis Verdeedegung investéieren, datt mir am Fong schonn an engem Krich dra sinn, mat Russland, deen an der Ukrain ofleeft."

Lauschterenplay_arrow

Et misst ee fäerten, datt d'USA och hir militäresch Hëllef un d'Ukrain deemnächst wäerte stoppen, esou d'Aschätzung vum Franz Fayot. Eppes, wat dunn effektiv och an der Nuecht op en Dënschdeg agetrueden ass.

Den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen ass dofir, datt d'Europäer viru militärescht Material an den USA sollte kafen. Der grénger Deputéierter Sam Tanson no wier et wichteg, déi europäesch Partnerschaft mat den USA "um Lafen ze halen". De lénken Deputéierten David Wagner ass dofir, der Ukrain direkt all hir Scholden ze sträichen.