Radioen

On air

Notturno  |  Anna B Savage - In Flux

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Begeeschterung fir dem Selenskyj säi "Plang fir eng Victoire" hält sech a Grenzen

Selenskyj um EU-Sommet

Begeeschterung fir dem Selenskyj säi "Plang fir eng Victoire" hält sech a Grenzen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet haut um Donneschdeg um EU-Sommet zu Bréissel säi sougenannte "Plang fir eng Victoire“ virgestallt. De Wolodymyr Selenskyj war extra dofir op Bréissel gereest. Hien huet probéiert, déi 27 EU-Staats a Regierungscheffe vu sengem Plang ze iwwerzeegen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Roberta Metsola begréisst de Wolodymyr Selenskyj. (Foto: European Union)

Fir datt Kiew Verhandlunge mat Russland iwwert en Enn vum Krich ufänke kann, misst d‘Ukrain an enger staarker Positioun sinn, huet de Wolodymyr Selenskyj zu Bréissel betount. An dofir bräicht d‘Ukrain weider Waffen, virun allem Laangstrecke-Rakéiten, an d‘Autorisatioun vu senge westlechen Alliéierten, mat deene Waffe Russland op sengem Territoire ze attackéieren.

Verhale Reaktioun vum Olaf Scholz

Mee ënner anerem d‘USA an Däitschland si net averstan. Si fäerten an de Krich mat eragezunn ze ginn. Skeptesch si béid Länner och weider, fir d‘Ukrain formell ze invitéieren, Member vun der NATO ze ginn, wat och ee vun de 5 Punkten am Wolodymyr Selenskyj sengem Victoire-Plang ass.

Hien hätt och doriwwer mam däitsche Kanzler Olaf Scholz geschwat, sou den ukrainesche President op senger Pressekonferenz um EU Sommet.

"He didn‘t say yes, and he didn‘t say no."

Kee Jo, mee och kee Neen, also. An de Conclusioune vum Sommet zum Kapitel Ukrain gëtt dem Wolodymyr Selenskyj säi Plang fir eng Victoire net konkreet erwäänt. Widderholl gëtt do, datt d‘EU d‘Ukrain weider voll politesch, ekonomesch a militäresch géif ënnerstëtzen, a weider Efforte géif maachen, fir datt d'Waffen a Munitioun séier un d‘Ukrain kënne geliwwert ginn.

"First step to a World War"

Dat zu engem Zäitpunkt, wou d‘Land an enger schwiereger Positioun ass: De Wanter steet virun der Dier, Russland huet vill Energieinfrastrukturen zerstéiert, an weider militäresch Gewënner, am Donbass annoncéiert. An, wéi den ukrainesche President haut um EU-Sommet sot, hätte seng Geheimdéngschter confirméiert, datt Nordkorea 10.000 Zaldoten a Russland geschéckt huet, déi elo virbereet géife ginn, fir mat Russland géint Ukrain ze kämpfen. Dat wier deen éischte Schrëtt zu engem Weltkrich, sou  de Wolodymyr Selenskyj.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Krich an der Ukrain
Politik