Decisioun iwwer Ausschloss vum Fernand Kartheiser fält de 4. Juni
D‘EKR-Fraktioun am EU-Parlament decidéiert de 4. Juni an enger ausseruerdentlecher Sëtzung iwwer den Ausschloss vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser. De Grond ass dem Fernand Kartheiser seng ëmstridde Rees op Moskau.
Den Europadeputéierte Fernand Kartheiser hat am Oktober zejoert probéiert, eng Ried op Lëtzebuergesch an der Plenière ze halen (Foto: European Union)
Et gëllt als héchstwarscheinlech, datt eng Majoritéit fir säin Ausschloss wäert stëmmen. Hie war e Sonndeg op Moskau gereest an huet do Vertrieder vum russesche Parlament an der Regierung besicht.
Domat hätt hie kloer rout Linnen iwwerschratt, soten eis Vertrieder vun den Europäesche Konservativen a Reformer op Nofro hin.
Ursprénglech wollt d‘EKR eréischt den 10. an 11. Juni iwwer den Ausschloss vum Fernand Kartheiser decidéieren. Dat gouf elo eng Woch virgezunn.