Radioen

On air

Kultur um 5  |  In The Atlas - Lucy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Xavier Bettel ass de beléifste Politiker

Politmonitor

De Xavier Bettel ass de beléifste Politiker

Den DP-Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel ass dem neie Politmonitor Sondage no elo dee beléiftste Politiker hei am Land. Hie kritt 79 Prozent Zoustëmmung an der Ëmfro, déi d‘Ilres fir RTL an d‘Lëtzebuerger Wort realiséiert huet.

auto_stories

1 min

© Alexandros Michailidis
Foto: Alexandros Michailidis

Op déi zweet Plaz, mat just engem Punkt manner, kënnt d‘LSAP Deputéiert a fréier Gesondheetsministerin Paulette Lenert. De Premier Luc Frieden packt et op déi drëtt Plaz a verbessert sech ëm néng Punkte par Rapport zum leschte Sondage am Juli zejoert. D‘Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass op der véierter Plaz, mee si verléiert zéng Punkte par Rapport zum Juli zejoert. An den Top Ten sinn dräi weider Oppositiouns-Deputéiert: Déi fréier gréng Justizministerin Sam Tanson, de Sven Clement vun der Piratepartei, an Taina Bofferding vun der LSAP sinn all op der sechster Plaz, zesumme mat der CSV-Agrarministerin Martine Hansen.

Fir dëse Politbarometer Sondage goufe ronn 1.000 Leit tëschent dem 4. a 14. Mäerz befrot.