Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Dance, No One's Watching

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerchwuessene Bilan fir d'Schoulreform vun 2009

Education

Duerchwuessene Bilan fir d'Schoulreform vun 2009

Ronn 15 Joer no der Schoulreform vun 2009 zitt den “Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire”, kuerz OEJQS, e Bilan dovun. Et gëtt Luew an awer och Kritik. Den OEJQS gëtt den Acteuren am Rapport dofir och e puer Recommandatioune mat op de Wee.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Reform vun 2009 hat ënner anerem d’Kompetenzsockelen, d’Bilansgespréicher an d’Léierzykelen agefouert an d’Partnerschaft tëscht der Schoul an den Elteren intensivéiert. A sengem Rapport hält den Observatoire dofir virop fest, datt d’Schoulreform vun 2009 vun allen Acteure gedroe gëtt.

Eng Rei Recommandatiounen

Vill Elementer géife positiv gesi ginn, wéi d’Partnerschaft mat den Elteren, d’Aarbecht a pedagogeschen Ekippen an d’Aféiere vun de Bilansgespréicher. Aner Elementer, wéi d’Zouweise vu Personalressourcen u Schoulen oder de Sënn vun der Verlängerung vum Schoulzyklus, dogéint méi kritesch.

Den OEJQS gëtt den Acteuren am Rapport Recommandatioune mat op de Wee. Zum Beispill sollten defavoriséiert Schüler méi Personal un hir Säit kréien, sollt d’Roll vun de Regionaldirekteren a vun de Presidente vun de Schoulcomitéë gestäerkt ginn, wat d’Verbesserung vun der Schoulqualitéit ugeet, sollt d’Wuelbefanne vun den Enseignante verbessert ginn, sollt d’Bürokratie iwwerduecht ginn a sollt gekuckt ginn, firwat et souvill Fluktuatioun beim Personal vun de Maison-relaise gëtt.

Dës Recommandatioune wieren, heescht et an de Conclusiounen, als Reflexiounspisten ze gesinn. Si sollte gegeebenefalls duerch méi qualitativ Methode wéi direkt Observatiounen oder Gespréicher komplettéiert ginn.

Bei de Reforme feelt et u Kohärenz

Donieft schreift den Observatoire, de Ministère kéint net vun den Enseignanten erwaarden, datt déi d’Politik vum Ministère direkt a komplett ëmsetze géifen, wann dës ze dacks an ze vill abrupt ännert. Et géif u Kohärenz vun de Reforme feelen an u Begleedung vun den Enseignanten duerch Strukturen, wéi zum Beispill den IFEN oder d’Kompetenzzenteren. Et bräicht een eng strategesch Kohärenz um Niveau vun de Grondschoulen, an d’Enseignantë missten dovun iwwerzeegt sinn, datt et eng reell Verbesserungsméiglechkeet gëtt, wat d’Schoulqualitéit oder d’Reduktioun vu sozialen Ongläichheete betrëfft.

Dat géif beispillsweis fir d’Verlängere vum Schoulzyklus gëllen.

Lauschterenplay_arrow