Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Dance, No One's Watching

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Wies zur Asylpolitik: "D'Toleranz ass wierklech bal bei Null"

Asylpolitik

Frank Wies zur Asylpolitik: "D'Toleranz ass wierklech bal bei Null"

A Saachen Asylpolitik géif d‘CSV-DP-Regierung schonn eng méi haart Linn fueren, wéi déi vierget Regierung. Dat sot de Frank Wies, spezialiséierten Affekot a Member vum Flüchtlingsrot, am 100,7-Interview. Dës Linn hätt sech awer scho wärend der leschter Legislaturperiod ofgezeechent.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

"Fir op de Punkt ze bréngen: Fréier si keng Kanner op d'Strooss gesat ginn." Mat deene Wierder huet de spezialiséierten Affekot a Member vum Flüchtlingsrot Frank Wies déi aktuell Asylpolitik vun der schwaarz-bloer Regierung beschriwwen. Hien huet konkret d‘Beispill genannt vun enger Fra, déi keen Asyl zu Lëtzebuerg krut, an du mat hiren zwee Kanner de Foyer vun er ONA huet misse verloossen.

Doriwwer eraus huet de Frank Wies awer och drop opmierksam gemaach, datt net réischt zënter dëser Legislaturperiod eng méi haart Linn gefuer gëtt.

"Mir haten och zum Beispill schonn ënnert dem Virgänger vum Här Hahn Decisiounen, déi ëmstridde sinn, an och vum Geriicht als illegal unerkannt gi sinn. Wann eng Rei vun Demandeuren, déi eigentlech e Recht op ee Foyer haten, kee kritt hunn."

Wat awer elo geännert hätt par rapport zur leschter Regierung, dat wier, datt d'Toleranz "wierklech bal bei Null ass", esou de Frank Wies.

Keng Transitiounsmesuren oder Kommissiounen

A sengen Aen besteet hei e Vide juridique am Accueilsgesetz, dee behuewe misst ginn.

"E Gesetzestext kann ausgeluecht ginn eben à la lettre, wéi den ONA dat mécht, oder e kann och ausgeluecht ginn, datt een eng gewëssen Toleranz huet. A wann dat awer am Gesetz net drasteet, da setzt een d'Leit jo e bëssen aus vun der Praxis, déi dann ebe gemaach gëtt vun der Verwaltung."

De Frank Wies schléit vir, Transitiounsmesuren am Acceuilsgesetz virzegesinn, oder och de Asaz vun "Härtefäll Kommissiounen", wéi et an Däitschland de Fall ass. Do kënne Leit, déi och duerch all Raster gefall sinn, awer nach eng Kéier hire Fall presentéieren. Dat wier och eppes, wat am Koalitiounsprogramm stoe géif, "wat anscheinend awer net soll ëmgesat ginn, wann ech den Här Gloden richteg verstanen hunn.", esou de Frank Wies.

"Mee dat sinn alles Saachen, wou een dann eigentlech misst d'Gesetz upassen, wann een eng Verwaltung huet, déi seet: 'Ech applizéieren à la lettre an ech ginn net weider kucken.'"