Radioen

On air

Notturno  |  Dougie Poole - Beth David Cemetary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Pascal Ricquier kritiséiert den Inneminister a gëtt seng CSV-Parteikaart of

Police

De Pascal Ricquier kritiséiert den Inneminister a gëtt seng CSV-Parteikaart of

De Pascal Ricquier huet kee Versteesdemech méi fir den Inneminister Leon Gloden. Wéi d‘Tageblatt schreift, hätt de fréiere President vun der Policegewerkschaft och seng CSV-Parteikaart ofginn. Hie war bei de Chamberwalen 2023 am Oktober fir d‘CSV ugetrueden.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Hien hätt solle Regierungsconseiller ginn, ënnert anerem fir alles wat d‘Police betrëfft. Ma am Tageblatt schwätzt de Pascal Ricquier vun engem berodungsresistente Minister Gloden an enger Politik déi hien net kéint matdroen. De Pascal Ricquier géif driwwer nodenken an d‘Policegewerkschaft zeréck ze goen, heescht et weider.