Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Däitschland liwwert grouss Militärhëllef un d'Ukrain

Loft-Ofwiersystem

Däitschland liwwert grouss Militärhëllef un d'Ukrain

D’Ukrain kritt eng weider Militärhëllef aus Däitschland. Geliwwert gouf ee weidere Loft-Ofwiersystem vum Typ IRIS-T. Dat huet de Bundesverdeedegungsministère gemellt. Et handelt sech em een héich moderne System mat enger Kapazitéit fir op mëttler a kuerzer Distanz.

auto_stories

1 min

Ukrain Charkiw | © picture alliance / Daniel Kubirski
Ukrain Charkiw (Foto: picture alliance / Daniel Kubirski)

Däitschland huet scho virdrun eng Rei där Equipementer geliwwert.

Den Ukrainesche President Wolodimyr Selenskyj huet iwwerdeems gemellt datt d’Ukrain nees d’Kontroll iwwert d’Regioun em Kharkiv huet. Dat no der russescher Offensiv an där Regioun.

Déi zweet-gréisste Stad vun der Ukrain an d’Regioun ronderëm ass deen Territoire dee bannent de leschten zwee Joer am meeschte vu Russland viséiert gouf.