Konkret wäert Däitschland sech op EU-Niveau net méi géint d’Notzung vun der Atomkraaft a Frankräich stellen. Am Géigenzuch kritt Berlin d’Réckendeckung vu Paräis beim Ausbau vu Waasserstoffverbindungen a Richtung Südeuropa an eng méi enk Integratioun vun de Stroumnetzer.
D’Regierungsparteien zu Berlin, déi sech laang onsécher gewisen haten, droen den Accord elo mat. De Merz a President Macron haten déi nei Linn schonn am Mee bei engem éischte Rendez-vous an der franséischer Haaptstad annoncéiert.