search

/ Däitschen Ausseminister Wadephul: Hongersnout en "untragbarer Zustand"

Gazasträif

|
headphones

1 min

Däitschen Ausseminister Wadephul: Hongersnout en "untragbarer Zustand"

Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul hat gëschter um Donneschdeg Gespréicher an Israel iwwer d'Situatioun an der Gazasträif. Haut sinn et US-amerikanesch Vertrieder, déi sech e Bild vun der Situatioun maachen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Soeren Stache
(Foto: picture alliance/dpa | Soeren Stache)

Den US-amerikanesche Spezialemissär Steve Witkoff an den US-amerikaneschen Ambassadeur an Israel Mike Huckabee wëllen haut um Freideg an der Gazasträif d'Verdeelungszentere fir Hëllefsliwwerungen inspizéieren an e Plang fir weider Livraisounen opstellen.

Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul hat gëschter um Donneschdeg Gespréicher an Israel iwwer d'Situatioun an der Gazasträif. Par rapport zur Hongersnout sot de Wadephul, dëst wier eng "ondrobar Situatioun, déi sech direkt ännere misst." Anescht géif Israel eng international Isoléierung riskéieren.