Hie wier sech net mol sécher, ob déi zoustänneg Ministesch Bescheed wosst, esou de Géerard Schockmel.
Och d'CSV-Fraktioun wier, senges Wëssens no, net informéiert ginn, iwwer d‘Annonce vum Luc Frieden, wat déi geplangte Pensiounsreform ugeet.
Déi zoustänneg Ministerin Martine Deprez wëll haut um Mëttwochmoien op enger Pressekonferenz weider Detailer ginn nom Premier Luc Frieden senger Annonce, d‘lescht Woch, datt d‘Cotisatiounszäit no an no soll erop gesat ginn. Si wëll d‘Haaptprinzippie vun där Iddi detailléieren, an een Zäitplang fir d‘Finaliséiere vun de Mesurë virstellen, esou e Communiqué.
Do virdrun ass nach eng interfraktionell Sëtzung vun den CSV- an DP-Deputéierte, op där déi also musse gebrieft ginn, seet de Gérard Schockmel nach am 100,7-Interview.