Radioen

On air

Notturno  |  Wiki - Never Fall Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP, CSV an LSAP: Gemeinsam Initiativ fir d'Stäerken vun der Demokratie

Oppene Bréif vun 8 jonke Poliker

DP, CSV an LSAP: Gemeinsam Initiativ fir d'Stäerken vun der Demokratie

8 Jonk Politiker vun déi Gréng, der DP, der CSV an der LSAP hunn eng iwwerparteilech Initiativ lancéiert fir d’Demokratie ze stäerken. An engem oppene Bréif un de Premier an un de Chamberpresident erklären si hir Suergen iwwert den Opschwong vun de rietspopulisteschen a rietsextreme Parteien, déi iwwerall an der Welt un Terrain gewannen. D’Zil vun där Initiativ wier et eng Debatt ze féieren, mee och no klore Moossnamen ze sichen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

An hirem oppene Bréif ginn et e puer Piste wéi een d’Demokratie vis a vis vu rietsextremen a populistesche Beweegunge ka stäerken. 
Si proposéieren ënnert anerem d’Schafe vun engem Biergerrot fir konkret Moossnamen z’identifizéieren, ënnert anerem eng Stäerkung vun der Medienerzéiung, an der Biergerbedeelegung, an dem Opstelle vun engem nationalen Aktiounsplang, ënnersträicht de Fabricio Costa vun déi Jonk Gréng, ee vun den 8 Signatairen vum Oppene Bréif. Dann ass et och d’Fuerderung um Europäesche Plang Drock ze maache fir d’Reguléierung vun Online-Plattformen a vu soziale Medie virunzedreiwen. De fabricio Costa fuerdert, datt déi do Reegelen och op europäeschem Niveau streng applizéiert ginn an , wann néideg, Amenden ausgeschwat ginn. Hate Speech wier net ze dulden an d'Plattformen missten do Verantwortung iwwerhuelen.

Fir déi Diskussioun ëm d’Stäerke vun der Demokratie ënnert d’Leit ze bréngen, hunn déi 8 jonk Politiker och eng Petitioun lancéiert iwwert den Internetportal “Change.org”.

D’Zil vun deene jonke Politiker ass hei, datt d’Bierger an och déi Jonk un dëse Diskussiounen Deel huelen, a fir op d’Gefore vun de Populisten a Rietsextreemen op d’Fräiheet opmierksam maachen.