arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Lëtzebuerger Regierung soll Palästina als Staat unerkennen

Fuerderung LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk

|
headphones

2 min

D'Lëtzebuerger Regierung soll Palästina als Staat unerkennen

Déi dräi Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an déi Lénk fuerderen d’Regierung op Neits dozou op, de Palästinensesche Staat unzeerkennen an d’Handelsbezéiunge mat Israel ze stoppen. D’Israeelesch Attacken op d’Gazasträif wiere scho längst net méi verhältnisméisseg, huet d’Sam Tanson vun déi gréng um Dënschdegmoie virun der Press kritiséiert.

headphones

2 min

Morgane Weidig  | © Morgane Weidig
Gemeinsame Pressekonferenz LSAP, déi Gréng, Déi Lénk (Foto: Morgane Weidig )

Iwwerdeems géif och déi illegal israeelesch Besiidlung am Westjordanland virgoen. Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten schwätz vun engem Zick-Zack Cours vum Ausseminister, dee mat der Sprangpressessioun ze vergläiche wier. Déi dräi Oppositiounsparteie fuerderen, datt d'Regierung endlech eng eege kloer Haltung zum Konflikt fënnt. Déi géif den Ament feelen, esou den Yves Cruchten.

"Iwwerhaapt muss ee soen, datt sech den Här Bettel vill ze vill verléisst op dat, wat aner Regierungscheffe maachen. Dat ass net nëmmen an deem heiten Dossier esou, mee et ass a villen Dossieren esou. Wann d'Oppositioun mol freet, wat ass dann déi lëtzebuergesch kloer Positioun an deem heiten oder an deem doten Dossier, da gëtt emol ëmmer erëm verwisen, wat anerer gesot hunn oder wat anerer wéilte maachen. An ech fannen awer bis elo hat Lëtzebuerg ëmmer eng staark Aussepolitik." 

De Xavier Bettel géif sech, wat eng Unerkennung vum Palästinensesche Staat ugeet, ëmmer nees no anere Länner riichte fir schlussendlech nei Excusen ze fannen, firwat eng Unerkennung grad net richteg wier, kritiséiert och de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.

De Grand-Duché géif riskéieren säin internationalen Image als staarker Beschützer vun de Mënscherechter ze verléieren, warnt den Yves Cruchten weider. Um Dënschdegmëtteg ass iwwerdeems an der Chamber eng Aktualitéitsstonn iwwer d’Unerkennung vu Palästina. Dat ouni den Ausseminister, awer a Präsens vum Premierminister Luc Frieden.