Gëschter war d'Dokument op Drock vun der Piratepartei an der LSAP, un d’Chamber geschéckt ginn. Un deem Dokument huet ënner anerem de Statec mat geschafft.
De Formateur Luc Frieden hat scho virun engem Mount zu Senneng gesot, déi neist Chiffere vum Statec géife weisen, datt eng Stagnatioun oder souguer Rezessioun méiglech wier. An zwar vu minus 0,8 Prozent vum PIB, steet am Dokument vum Comité économique et financier national, CEFN.
Chômage wäert weider klammen
Ob dat elo genee sou antrëtt, oder op de Minus eventuell manner, oder esou guer méi héich, wäert ginn, kéint een net sécher soen, betount de Ferdy Adam vum Statec.
"Wat sécher ass, ass datt d‘Ekonomie am gaangen ass sech ofzeschwächen, dat gesäit een um PIB, mee och den Emploi ass am gaangen ofzebremsen, an de Chômage geet an d‘Luucht, esou guer eppes méi staark, wéi an eisen Nopeschlänner."
Beim Emploi a Chômage wier den Déifpunkt och nach net erreecht. De Ferdy Adam erkläert, datt wann déi virausgesoten Tendenze sech confirméieren, de Chômagetaux op 6 Prozent am Joresduerchschnett, kéint klammen. Haaptgrond fir déi warscheinlech ekonomesch Rezessioun wier de Finanzsecteur, wou dat véiert Trimester 2022 besonnesch schwaach war.
"An dat huet d‘Previsioun fir d‘ganzt Joer 2023 belaascht, an dat hate mer scho ganz kloer an der Note de Conjoncture 1 vum Juni geschriwwen."
Mëll Reprise fir d'nächst Joer
Och Réckgäng an der Baubranche an der Industrie drécken de Wuesstem erof. Wéini Lëtzebuerg aus där probabeler Rezessioun wäert erauskomme kéint een net genee soen. Fir d‘nächst Joer rechent de Statec awer nees mat engem Wuesstem vun 1,5 Prozent vum PIB - also eng Reprise.
"Déi awer wäert mëll ausfalen. Op dat elo 1,5 oder 2,5 oder 2 ass. Domat bleiwe mer ënnert, oder komme mer sou neelech un eis Croissance moyenne erun. Dat heescht, et ass kee staarke Rebond."
Hien erënnert drun, datt et 2021 e Rebond vu 7,2 Prozent vum PIB gouf, dovu wier ee lo wäit ewech. Et géif also insgesamt kee gutt Joer ginn.
Déi nächst Wuesstemsprognose vum Statec sollen am Dezember publizéiert ginn.