Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stater Gemeng iwwerleet, fir Carloh mat Flex ze fusionnéieren

Defizitären Auto-Locatiounsservice

D'Stater Gemeng iwwerleet, fir Carloh mat Flex ze fusionnéieren

Carsharing kann hëllefen d'Stroossennetzer ze entlaaschten, mee Carsharing-Offeren hu bis elo just e ganz begrenzte Succès hei am Land. Dat weist sech elo beim Carloh-System vun der Stad Lëtzebuerg. Zënter bal zéng Joer bitt d'Stad d‘Méiglechkeet fir Autoen auszeléinen. Et ginn awer bis elo just eng 1.000 Abonnenten an de System ass vun Ufank u finanziell defizitär gewiescht an och bliwwen.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow
Foto: Archiv

De Stater Gemengerot huet dofir de Méindeg eng weider Finanzsprëtz fir de Carloh-System decidéiert. D'Stad erhéicht d'Kapital vun der Gesellschaft hannert dem Autolocatiounsystem ëm 1,8 Milliounen Euro.

Dem Stater Schäfferot wier vun Ufank u kloer gewiescht, datt de System net gewënnbréngend kéint schaffen. Dofir hätt een och vun 2015 un eng järlech Kapitalsprëtz vu bis zu 600.000 Euro virgesinn, seet de Stater Transportschäffe Patrick Goldschmidt.

Ziler aus dem Businessplang net erreecht

De Businessplang hat ursprénglech virgesinn, datt een no 10 Joer 1.800 Abonnenten hätt an domat de break even erreeche géif, de Service huet der haut awer just ronn 1.100. De Patrick Goldschmidt mécht ënner anerem d'Pandemie an d'Präisdeierecht am Kader vum Ukrainkrich dofir responsabel.

Et géif een elo intern Analyse maachen a Verbesserungen decidéieren. Donieft hätt ee Kontakt mat den CFL opgeholl, déi de Locatiounsservice Flex bedreiwen, mat deem een eventuell fusionéiere kéint. Flex hätt iwwerdeems 5 mol méi Gefierer wéi de Carloh-System, 15 mol méi Abonnenten a géif awer Perte maachen, sou de Stater Mobilitéitsschäffen.

Service soll weider erhale bleiwen

Et wier iwwerdeems keng Optioun fir de Carloh-System ersatzlos ze sträichen, sou de Patrick Goldschmidt. De Service wier eng wichteg komplementar Mobilitéitsoffer an de Service géif am Fall vun enger eventueller Fusioun och net verschlechtert ginn. Och d'Carloh-Personal misst sech dofir keng Suergen ëm hir Aarbechtsplaz maachen, sou de Stater Mobilitéitsschäffen.

De Patrick Goldschmidt am Gespréich mam Maurice Molitor

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Klima
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt