Radioen

On air

Notturno  |  La Fa Connected - A Distant Fortune

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stad Lëtzebuerg an den Inneministère loosse sech vun der selwechter Affekotenetude beroden

Avis juridique zum Heescheverbuet

D'Stad Lëtzebuerg an den Inneministère loosse sech vun der selwechter Affekotenetude beroden

D‘Diskussioun ëm d‘Heescheverbuet geet an déi nächst Ronn: gëschter hunn d‘Membere vun der Justizkommissioun an der Kommissioun fir bannescht Affairen den Avis juridique kritt, mat deem den Inneminister säin Accord fir d‘Heeescheverbuet begrënnt.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Zoonar | HGVorndran
Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran

Laut dem Wort ass dat 32 Säiten déckt Dokument vun der Etude Thewes a Reuter ausgeschafft ginn. Der grénger Deputéiert Sam Tanson no wier deen Avis eréischt d‘lescht Woch ugefrot ginn, also eréischt no der Decisioun vum Minister Gloden, déi hien am Dezember geholl hat.

Et géif sech och ëm déi selwecht Affekotenetude handele wéi déi, déi de Recours vun der Stad Lëtzebuerg ausgeschafft huet. “Mir hunn 3.000 Affekoten hei am Land. Wéi kéint den Auteur vum Avis eppes anescht schreiwen, wéi dat, wat hien a Recours geschriwwen huet?", sou d‘Sam Tanson op X.

Den Affekot Marc Thewes ass och Member vum Staatsrot. Hie selwer soll awer net um Avis matgeschafft hunn. An hirem Avis kommen d‘Affekoten zur Conclusioun, datt den Artikel am Code penal iwwer d‘Heescheverbuet nach ëmmer a Kraaft ass. De Parquet hat e puer Mol erkläert, datt dat net de Fall wier.