search

/ D’Sportlerinnen a Sportler vum Joer 2025

Awards Night

|
headphones

1 min

D’Sportlerinnen a Sportler vum Joer 2025

D'Liichtathleetin Patrizia Van der Weken an de Liichtathleet Ruben Querinjean goufe gëschter um Donneschdegowend zu Munneref als Sportler a Sportlerin vum Joer ausgezeechent. De Präis fir d'Ekipp vum Joer goung un d'FLF-Fraen.

headphones

1 min

D'Patrizia Van der Weken bei de World Athletics Indoor Championships Nanjing 2025 | © EPA / ANDRES MARTINEZ CASARES
D'Patrizia Van der Weken bei de World Athletics Indoor Championships Nanjing 2025 (Foto: EPA / ANDRES MARTINEZ CASARES)

D’Liichtathleetin Patrizia Van der Weken gouf déi drëtte Kéier hannerteneen als Sportlerin vum Joer ausgezeechent, bei der Gala vun der Lëtzebuerger Sportspress zu Munneref. Hiren Trainer Arnaud Starck huet de Präis als Trainer vum Joer 2025 kritt.

Bei den Häre goung de Präis vum beschte Sportler vum Joer un de Ruben Querinjean.

De Präis vun der Mannschaft vum Joer goung un d’Fussballnationalekipp vun de Fraen.

D’Zeremonie zu Munneref war vum Sportjournalisteverband sportspress.lu organiséiert.