arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunft vum Michel Ries ass weider ongewëss

Cyclissem

|
headphones

1 min

Zukunft vum Michel Ries ass weider ongewëss

Dem Michel Ries seng Zukunft weider ongewëss. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Cyclist huet bis ewell keng nei Sponsore fonnt déi ab nächster Saison géifen iwwerhuelen. Am Juni haten déi zwee aktuell Haaptsponsoren Arkea a B&B Hotels annoncéiert, dass si sech zum Enn vum Joer wäerten zréckzéien.

headphones

1 min

De Michel Ries beim Giro 2024 | © picture alliance / ipa-agency | Silvia Colombo/IPA Sport / ipa-a
De Michel Ries beim Giro 2024 (Foto: picture alliance / ipa-agency | Silvia Colombo/IPA Sport / ipa-a)

Fir de Michel Ries, dee beim Tour de Luxembourg um Enn op déi 43. Plaz komm ass, ass et keng einfach Situatioun. Seng Ekipp ass awer net déi eenzeg déi Schwieregkeeten huet fir Sponsoren ze fannen. Aner Ekippen hätten opgrond vun der aktueller ekonomescher Situatioun änlech Problemer, erkläert de Michel Ries. Dat wier am Vëlosport besonnesch problematesch, well d’Sponsoren hei e groussen Deel vum Revenu ausmaachen.

"Ech mengen do sinn aner Ekippen, déi och Problemer hunn. Do gëtt am Moment geschwat vun enger Fusioun tëschent zwou Ekippen. Wann eis Ekipp géif éiere verschwannen, wou da bis zu 60 Plaze manner am professionelle Peloton géifen d'nächst Joer sinn. Dat heescht, dat ass elo kee super Joer, fir sech a sou enger Situatioun ze befannen. Als Courant ass dat elo sécherlech net einfach. Et probéiert een do natierlech, dat sportlech ze konzentréieren a sech net ze vill do de Kapp dorun ze zerbriechen. Fir mech weess ech elo, éierlech gesot, nach net, wéi et d'nächst Joer weidergeet. Ech mengen ech schaffen och mat engem Manager, deen sech drëm këmmert a probéiert do Kontakter ze knäppen."

Dem Michel Ries säin Zil bleiwt awer weiderhin och d'nächst Joer op der UCI World Tour matzefueren.