arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jeff Strasser: "E grousse Géigner gëtt zousätzlech Motivatioun"

Lännermatcher am Härefussball

|
headphones

3 min

Jeff Strasser: "E grousse Géigner gëtt zousätzlech Motivatioun"

Um Freidegowend spillt d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären hiren drëtte Match an der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2026 géint Däitschland. E puer Deeg drop steet dann de Retour Match an der Slowakei um Programm.

headphones

3 min

© FLF
(Foto: FLF)

Un den Allersmatch géint d’Slowakei hunn d’Rout Léiwe keng gutt Erënnerungen. Quasi a leschter Minutt hat een do den 1-0 kasséiert an domat e Match verluer, an deem een eigentlech déi besser Ekipp war. De Lëtzebuerger Golkipp, Anthony Moris, hat beim Géigegol net gutt ausgesinn, mee dat géif hien awer lo net méi belaaschten.

"Je crois que c'est juste une question de déconcentration un petit peu à ce moment-là, de jouer le ballon trop facilement, parce que j'avais la sensation, je pense, comme tous les gens qui étaient au stade et qui regardaient le match, qu'on allait finir par le gagner. Mais ça veut dire qu'à toute âge, tu continues d'apprendre dans les bons comme dans les moins bons moments."

Leandro Barreiro: E Match géint Kolleegen

Virum Match an der Slowakei läit de Fokus vun der Nationalekipp awer fir d’éischt um Match vun e Freiden den Owend. De Géigner zu Sinsheim a Baden-Württemberg ass dann de véierfache Weltmeeschter aus Däitschland.

De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller Leandro Barreiro freet sech besonnesch op dëse Match. Hie wäert nämlech direkt e puer Spiller begéinen, mat deenen hien a senger Zäit bei Mainz 05 zesummen um Terrain stoung an déi gutt Kolleege vun him sinn, erzielt hien.

"C’est un truc spécial. Ben, la relation la plus proche j'ai avec Burkhardt et Dahmen. Quand on a joué ensemble à Mayence, on était toujours, on a fait presque tout ensemble. L'activation, on a, on a fait voilà des restos, on a fait des activités sportives. Donc on a vraiment passé une grande période de Mayence ensemble."

E Freideg freet de Leandro Barreiro sech dann drop fir net méi mat, mee géint seng Kolleegen um Terrain ze stoen. 

De Géigner viru Problemer stellen

Datt dat net einfach gëtt, weess och den Trainer vun de Roude Léiwen, Jeff Strasser. E Match géint e Géigner wéi Däitschland wier eng grouss Erausfuerderung, mee géif senger Ekipp awer och zousätzlech Motivatioun ginn, mengt de Nationaltrainer.

An den nächsten Deeg gëllt et fir hien a seng Ekipp dann, sech beschtméiglech op de Match virzebereeden.

"Mir preparéieren dat, fir am beschtméiglechen net nëmmen dogéint ze halen, mee och fir de Géigner viru Problemer ze stellen. Ech mengen, d'Mentalitéit vun der Ekipp ass och esou, et geet kee mat iergendengem negative Gefill op den Terrain. Mir hunn zwou Performancë gemaach, fir déi éischt zwee Matcher, wou d'Ekipp eng gewëss Sécherheet huet, wou d'Ekipp am Kapp eng positiv Astellung huet."

De Jeff Strasser erwaart sech dann och en "extrem schwierege Match", op deen ee sech nëmme schwéier preparéiere kann. Dat, well een am Géigesaz zu den anere Matcher, an der Vergangenheet net géint änlech staark Géigner gespillt hätt.

De Match géint Däitschland gëtt e Freiden den Owend um 20:45 Auer zu Sinsheim ugepaff. D’FLF erwaart sech, datt méi wéi 2.000 Lëtzebuerger Spectateuren d’Ekipp an Däitschland wäerten ënnerstëtzen.