arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brandon McNulty gewënnt den Tour de Luxembourg

Vëlosport

|
headphones

1 min

Brandon McNulty gewënnt den Tour de Luxembourg

Am Cyclissem war gëschter um Sonndeg déi lescht Etapp vum Tour de Luxembourg. Um Enn konnt sech de Fransous Romain Grégoire um Lampertsbierg duerchsetzen an déi zweete Victoire bei dëser Editioun sécheren.

headphones

1 min

Brandon McNulty | © picture alliance / frontalvision | K. Hoeft
Brandon McNulty (Foto: picture alliance / frontalvision | K. Hoeft)

De Vainqueur am Général ass de US-Amerikaner Brandon McNulty ginn, dee säi Virsprong op der leschter Etapp konnt behaapten. Och fir d'Lëtzebuerger Cycliste war dës Editioun vum Tour de Luxembourg e Succès. Nom Matthieu Kockelmann senger Victoire op der zweeter Etapp ass et dem Mil Morang gelongen de Maillot vum beschte Biergfuerer bis op d’Arrivée ze behalen. Fir hie wier dëst eng individuell Auszeechnung, déi d’Leeschtung vun der ganzer Ekipp beloune géif, esou de Mil Morang.

"Dat dote soll mol eng Kéier eng Sportsekipp toppen op deem Punkt. Ech menge mir hu wierklech ganz Lëtzebuerg gewisen, datt mir eng top Ekipp sinn. Ech géif mol esou soen, mir mussen iergendwéi kucken, datt mir do an dat Classement erakommen, fir vläicht Ekipp vum Joer ze ginn, well, fir dat, also ech weess net, wien dat heite besser ka maachen, wéi mir."