Zënter virgëschter, Méindeg, preparéiert sech d'Ekipp vum Trainer Jeff Strasser zu Lëpschent op dës zwou Partien. Virun allem de Match géint Däitschland gëtt eng grouss Erausfuerderung, wéi de Jeff Strasser seet. Et huet een awer seng Léieren aus der 4:0-Defaite am Allersmatch gezunn.
"Et gëtt e Spill mat Ball an et gëtt e Spill ouni Ball. Mir mussen de Fokus op déi zwou Saache leeën. Woubäi mir wëssen, datt, wann een déi lescht Matcher kuckt vun Däitschland, datt se ëmmer eng grouss 'Possession de balle' hunn. An deenen Zäiten, wou mir de Ball wäerten hunn, kreativ sinn, och net Angscht hunn an deementspriechend och dat Spill mam Ball méi fërderen, wéi mir dat gemaach hunn."
Belfast: Ambiance e Facteur?
De Match e Méindeg géint Nordirland kéint ganz ënnerschiddlech verlafen, mengt de Jeff Strasser. Déi besonnesch Ambiance, déi zu Belfast kéint entstoen, dierft awer net als Excuse gëllen.
"Natierlech huet een ëmmer léiwer, d'Ambiance oder d'Leit si fir ee wéi géint een. Mä eleng d'Ambiance ass awer och motivant fir jiddereen. An ech mengen, mëttlerweil sinn all déi Jongen, déi Profien um Terrain sinn, spillen all Weekend viru gudden Ambiancen. Et sinn och vill Jongen, déi dat virun zwee Joer scho selwer materlieft hunn. Herno geet et ëmmer op dat Sportlecht um Terrain. An de Contenu vum Match wäert natierlech och dovun ofhänken, wéi de Match tëschent de Slowaken an den Nordire wäert en nächste Freideg verlafen."
Déi zwou Ekippe kéinte sech nämlech nach fir d'Weltmeeschterschaft d'nächst Joer an den USA, Kanada a Mexiko qualifizéieren. Deemno wéi déi zwee Matcher e Freideg awer ausginn, kéint et fir de leschte Match fir d'Nordiren ëm näischt méi goen.
Sech endlech belounen
Wann et schlecht leeft kéint et sinn, datt d'Rout Léiwen d'Campagne ouni Punkt ofschléissen. De Jeff Strasser gleeft awer drun, datt ee sech an deene leschte Matcher endlech beloune kann.
"Also, am beschte Fall kënnen et nach ëmmer 6 Punkte ginn. Dat ass deen, wou eeben d'Glas hallef voll gesäit oder hallef eidel. An dat ass en Ënnerscheed vum Psychologeschen, wéi een déi Saach ugeet. Mir konzentréieren eis op den Inhalt vun de Matcher. Mir wëssen alleguer, datt déi 4 Matcher, wou mir gespillt hunn, vum Inhalt hier net déi 0 Punkte representéieren, wou um Konto sinn."
Och wa seng éischt Campagne als Nationaltrainer bis elo nach kee Punkt erginn huet, fokusséiert sech de Jeff Strasser op déi verbleiwend Matcher. Vum Contenu hier wieren d'Matcher nämlech net esou schlecht gewiescht, wéi een dat kéint mengen, esou nach den Trainer vun de Roude Léiwen.