arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roland Schaack: "Sech net ze vill op déi Null Punkten ascharnéieren"

Fussballnationalekipp

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Roland Schaack: "Sech net ze vill op déi Null Punkten ascharnéieren"

Datt d'Rout Léiwe virum leschte Match an der Qualifikatiounscampagne fir d'Fussball-WM d'nächst Joer nach kee Punkt hunn, dierft een net ze héich hänken. Dat sot de fréieren Nationalspiller Roland Schaack am Radio 100,7-Interview, an deem hien och op d'Zukunft vun der aktueller Ekipp gekuckt huet.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp (2025) | © picture alliance / Peter Schatz | Peter Schatz
D'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp (2025) (Foto: picture alliance / Peter Schatz | Peter Schatz)

Datt d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp d'Chance e Freide géint Däitschland verpasst hätt fir d'Campagne nach gutt ofzeschléissen, fënnt de Roland Schaack net. Och wann ee sech um Enn géint Däitschland knapp misst geschloe ginn, konnt een nëmmen impressionéiert si vun der Leeschtung vun de Roude Léiwen.

“Mir konnten eis alleguerten d'Ae reiwen, wéi gutt datt eis Lëtzebuerger Nationalekipp e Freideg géint Däitschland performéiert huet. Dat war e Genoss nozekucken. An net nëmmen eis Supporter, mee ech mengen och all international Beobachter, déi mussen d'Ekipp felicitéiere fir déi couragéiert Leeschtung, déi se gewisen hunn an dee Matchplang vum Jeff (Strasser)."

Trotz deels gudde Leeschtungen nach ëmmer kee Punkt

Et wier déi plakeg Tatsaach, datt een an der Tabell op der leschter Plaz ouni Punkt géing stoen, esou de Roland Schaack. E groussen Ënnerscheed, wann een op déi lescht Campagne fir d’Europameeschterschaft 2024 an Däitschland kuckt. Do haten d'Rout Léiwe 17 Punkte gesammelt a si réischt onglécklech an de Play-Offs u Georgie gescheitert. Et misst een d'Géigner am A behale, wann een déi zwou Campagnë matenee vergläicht, seet de Roland Schaack.

“Et muss een ëmmer och kucken, wéi d'Qualitéit vun de Géigner ass. Mir hunn dës Kéier mat Däitschland, mat der Slowakei, mat Nordirland wierklech staark Ekippen. A wéi gesot, bleift jo och nach eng Chance den Owend fir vläicht e Punkt oder vläicht souguer méi ze huelen.”

Keng Suerg iwwert d’Zukunft vun der Ekipp

Déi Null Punkte wieren zwar um Pabeier net gutt, mee de Roland Schaack kuckt zouversiichtlech an d'Zukunft vun der aktueller Nationalekipp.

"Do ass eng Ekipp amgaangen sech ze fannen, déi immens vill Confiance huet, déi ganz couragéiert op den Terrain geet. An dat muss einfach Loscht an Zouversiicht ginn, fir elo déi nächst Matcher."

Am leschte Match am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexiko trëfft Lëtzebuerg um Méindegowend op Nordirland. Fir béid Ekippe geet et em näischt méi. D'Rout Léiwe sinn awer sécherlech gewëllt, nach mindestens ee Punkt anzefueren.

play_arrow Lauschteren