Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jakob Bänsch - Mephisto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oppositioun kritiséiert der Regierung hiren Ëmgang mam Dossier Pensiounsreform

Debatt an der Chamber

D'Oppositioun kritiséiert der Regierung hiren Ëmgang mam Dossier Pensiounsreform

Schonn d'nächst Joer kéinten d'Depensë vum Pensiounsfong méi héich si ewéi d'Recetten. Déi Conclusioun huet d'Inspection générale de la Sécurité sociale no Analys vun der Finanzsituatioun gezunn. An der Chamberdebatt ëm de Pensiounssystem gouf et ee Konsens, datt ee misst de System reforméieren. Divergenze gëtt et iwwer d'Ëmsetzung.

auto_stories

3 min

Chamberdatt Oppositioun | © Chamber
Chamberdatt Oppositioun (Foto: Chamber)

Och d’Sozialministerin hätt de Mëttwoch näischt Konkretes op den Dësch geluecht, esou de Virworf vun der Oppositioun. Dat wier normal, huet de Marc Spautz, CSV-Fraktiounschef, bemierkt. D'Martine Deprez hätt an den nächste Wochen nach Consultatioune mat de Parteien, de Gewerkschaften, an de Jugendorganisatiounen. Duerno eréischt géif d'Ministerin "e Package schnüren", dee si och wäert virleeën. Wa si dat schonn e Mëttwoch gemaach hätt, bräicht een net nach zwou Consultatiounsdebatten ze féieren, esou de Marc Spautz.

LSAP: Regierung huet den Dossier net gutt ugepaakt

Den LSAP-Deputéierten a fréiere Sozialminister Mars Di Bartoloemo huet sech doriwwer opgereegt, wéi eng Tensiounen entstane wieren, wéinst engem Manktem u Sozialdialog vu Säite vun der Regierung.

"Nach ni hu mir eng Regierung erlieft, déi no e puer Méint eng Gesamtgewerkschaftsfront vum Secteur privé, vum Secteur public sech gelueden hat."

D'Oppositioun huet eng Rëtsch u Propose presentéiert u wéi enge Schrauwen ee misst dréien, fir de Pensiounssystem ze erhalen. Et ginn d'Recetten, de Pensiounsalter, d'Prestatiounen an d'Versécherungsperiod, mat oder ouni Cotisatioun. An et gëtt dee méi sensibele Sujet vum Prinzip vun den dräi Pilieren: De solidareschen a generationelle Pensiounssystem, dee privaten, dee sech op d'Kapitalverfare baséiert an de Regimm vun de Betribskomplementärspensiounen.

déi Lénk warne virun enger Privatiséierung vum Rentesystem

De Marc Baum vun déi Lénk huet virun der Privatiséierung vum Rentesystem gewarnt.

"A Länner mat enger staarker Kapitaldeckung hu Leit alles verluer, wann et zur Kris koum. Da stounge si wéi an den USA ouni Näischt do an hu missen op den Aarmebüro pilgeren, wou de Staat dann awer konnt d'Rechnung droe vun deene puer Grimmelen, déi si nach kruten."

Am Ëmlageverfare wier dat anescht, just datt hei d'Pensiounsrechter op der zukünfteger Lounentwécklung géife baséieren an op der Zuel vu Leit, déi schaffen, esou de Marc Baum. D'Ëmlageverfare géif wéinstens op der Realwirtschaft baséieren, d'Kapitaldeckungsverfaren op der Erwaardung vu Profitter.

Fir d'ADR dierft de Pensiounsfong net politiséiert ginn

D'ADR hirersäits huet insistéiert, datt de Pensiounsfong net do wier, fir politesch Decisiounen ze finanzéieren, esou d'Alexandra Schoos vun der ADR.

"Eng mëttelfristeg Moossnam, déi iwwregens och vu ville Vertrieder vun der Zivilgesellschaft gefuerdert ginn ass, ass de Grondsaz vu keng Pensioun ouni Cotisatioun. Mir mussen ophalen d'Pensiounskeess ze politiséieren. Et handelt sech ëm eng Assurance, keen Ëmverdeelungsinstrument."

Wann ee gär géif sozialpolitesch Leeschtunge bezuelen, da misst een dat iwwer de Staatsbudget bezuelen, mee se dierften net zu Laaschte vun der Pensiounskeess goen. D'ADR kéint sech dann och virstellen, datt Studenten am Kader vun hirer Studienzäit eng Cotisatioun guttgeschriwwe géife kréien, déi dann awer aus dem Staatsbudget géif finanzéiert ginn.