D‘Verdeedegungsministerin Yuriko Backes preziséiert an hirer Äntwert, datt fir Informatioune bei der Arméi, déi net klassifizéiert sinn, Emailen, Messenger-Servicer oder normal Videokonferenzen erlaabt sinn. Wann et sech ëm klassifizéiert Informatiounen handelt, géifen exklusiv geséchert Moyene benotzt ginn. D‘Personal vun der Arméi géif och zu deem Sujet reegelméisseg informéiert, sensibiliséiert a forméiert ginn.
arrow_back_ios
search
search
/ D'Lëtzebuerger Arméi kommunizéiert klassifizéiert Informatiounen nëmme geséchert
No "Taurus-Leak"
D'Lëtzebuerger Arméi kommunizéiert klassifizéiert Informatiounen nëmme geséchert
Am Kader vun der sougenannter Taurus-Affär an Däitschland, wou e Gespréich iwwer Rakéite vu Russland ofgelauschtert gouf, wollten d‘Piraten-Deputéiert Marc Goergen a Ben Polidori wëssen, wéi d‘Lëtzebuerger Arméi intern an och extern kommunizéiert.
auto_stories
1 min

Yuriko Backes (Foto: MAEE)