Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'LSAP fuerdert d'Regierung op, pälestinensesch Famillen zu Lëtzebuerg zesummenzeféieren

Noen Osten

D'LSAP fuerdert d'Regierung op, pälestinensesch Famillen zu Lëtzebuerg zesummenzeféieren

D’Regierung soll méi aktiv ginn, fir palästinensesch Famillen erëm zesummenzeféieren. Dat huet d’LSAP virun der Press gefuerdert. 18 palästinensesch Famillen, déi zu Lëtzebuerg liewen, hu Familljememberen, déi an der Gazasträif festsetzen. Vill vun hinnen zu Rafah.

auto_stories

1 min

Een Zeltlager an der Gazasträif. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Fir d’LSAP ass et evident, datt dës Familljememberen an enger éischter Phas an d’Nopeschland Ägypten evakuéiert musse ginn, fir dann op Lëtzebuerg bruecht ze ginn.

D'Regierung bezitt sech op feelend Preuven

D’LSAP bedauert, datt d’Regierung hei awer näischt maache wëll, ënnert anerem mam Argument, datt Preuvë feelen, datt dës Familljememberen och virdru schonn en charge waren.

Dës Argumenter léisst d’Oppositiounspartei awer net gëllen. Et géif hei ëm eng aussergewéinlech humanitär Situatioun goen an et misst een elo Solidaritéit beweisen. Och aner Länner wéi Frankräich an d’Belsch hätten et schonn duerch d’Schafe vu spezielle Statuten erméiglecht, palästinensesch Familljememberen ze rapatriéieren.

D'Gesetz kéint et méiglech maachen

Ausserdeem géif eist Gesetz et u sech och erméiglechen: den Artikel 78, Paragraf 3 géif et dem Minister nämlech erméiglechen, an aussergewéinleche Situatioune Leit aus Drëttstaaten zu Lëtzebuerg opzehuelen, sou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

De Kollektiv Waassermeloun fuerdert d’Deputéiert op, sech fir eng Evakuatioun vun de Famillen, déi an der Gazasträif blockéiert sinn, anzesetzen. Dofir huet de Kollektiv um Dënschdegmëtteg um 12 Auer nees e Suit-In virun der Chamber organiséiert.