Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Don Piano, Amia - BOI

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gebaier vun der Klinik Sainte-Marie zu Esch wäerten an e puer Woche gréisstendeels eidel sinn

Grouss Plënneraktioun

D'Gebaier vun der Klinik Sainte-Marie zu Esch wäerten an e puer Woche gréisstendeels eidel sinn

A sechs Woche sollen d'Patiente vun der geriatrescher Reeducatioun aus dem "ronne Spidol" zu Esch, an d'Zitha-Klinik an d'Stad geplënnert ginn, heescht et op Nofro vum radio 100,7 vum Grupp Hôpitaux Robert Schuman.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Cstock / Bigstock play_arrow
(Foto: Cstock / Bigstock)

Een aneren Deel vun den Aktivitéite vun der Altersmedezin gouf schonn aus der Klinik Sainte-Marie vun Esch an d'Stad geplënnert, seet de Fleegedirekter vum Grupp HRS, de Christian Kirwel.

Dee gréissten Deel vun der Geriatrie aus dem "ronne Spidol" zu Esch gëtt deemnächst an d'Zitha-Klinik op der Stater Gare geplënnert.

"Alles wat elo an d'Zitha geet ass Reeducatioun, also d'Dagesklinik awer och stationär. Dat si plus minus 70 Better elo stationär, déi da geplënnert ginn."

Fir den 29. Abrëll géifen dann d'Patienten a Patientinne geplënnert ginn, esou de Christian Kirwel.

Verschidden Aktivitéite bleiwen, anerer gi méi spéit geplënnert

Duerno wäert also de Gros vun de Gebaier zu Esch - mat e puer Méint Retard - eidel sinn. Déi psychiatresch Dagesklinik fir Jugendlecher soll awer an enger éischter Phas um Site vun der Sainte-Marie zu Esch bleiwen. A Moyen-terme géif een awer eng nei Plaz dofir sichen.

Och wann dës Dagesklinik enges Daags net méi bei der Klinik Sainte-Marie wäert sinn, wéilt ee mat Aktivitéiten op dësem Standuert bleiwen, esou de Fleegedirekter vum Grupp HRS, de Christian Kirwel. Wéi eng Aktivitéiten dat sinn, géif nach diskutéiert ginn. Eng vun den Optioune bleiwen Zëmmere fir Studenten "oder Medezin-Studenten oder aner Studenten, respektiv Leit, déi iwwer d'Grenz schaffe kommen, kann ee sech alles virstellen", esou de Christian Kirwel.

D'Klinik Sainte-Marie war 1927 gegrënnt ginn. 2017 war dës Escher Klinik definitiv an d'Struktur vum Grupp HRS mat integréiert ginn.

Lauschterenplay_arrow