Radioen

On air

Kultur um 5  |  Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannabiskonsum zënter Akraafttriede vum Gesetz net weider geklommen

Etüd vun Ilres a Gesondheetsministère

Cannabiskonsum zënter Akraafttriede vum Gesetz net weider geklommen

De Cannabiskonsum wier zënter dem Akraafttriede vum Gesetz am Juli 2023 net weider geklommen. Dëst geet aus enger neier Ëmfro vun der Ilres ervir. Nëmme 4,5 Prozent vun de Befroten, déi scho virun der partieller Depenaliséierung gefëmmt hunn, ginn un, datt hire Konsum zënterhier an d’Luucht gaangen ass.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Aus der Etüd geet ervir, datt zu Lëtzebuerg méi Gras gefëmmt gëtt wei Haschisch. Ronn d’Hallschent vun de Leit kafen hirt Gras deemno bei Bekannten oder Dealer:innen. Just 4,7 Prozent hunn uginn, Cannabis doheem ze kultivéieren, esou d‘Etüd vun der Ilres, déi zesumme mam Gesondheetsministère am Hierscht 2023 lancéiert gouf.

D'Hallschent vun de Befrote ginn un, d'Kären Online ze kafen

Ënnert Deenen, déi doheem ubauen, hunn iwwer 68 Prozent uginn datt si dëst, zënter dem Akraafttriede vum Cannabisgesetz, elo fir d’éischt Kéier maachen. D'Gesetz gesäit vir, datt een als "communauté domestique", doheem dierf bis zu véier Planzen ubauen, ouni datt d'Noperen et matkréien, an net viru Mannerjäregen.

D’Käre fir d’Planze kafen iwwert 50 Prozent vun de Concernéierten um Internet, heescht et an der Etüd.

Männer konsuméiere méi, wéi Fraen

Leit ënner 35 Joer konsuméieren am meeschten. All véiert Persoun an där Altersgrupp huet uginn an de leschten 12 Méint Cannabis gefëmmt ze hunn. Männer konsuméieren iwwerdeems méi heefeg wei Fraen, an si gesinn och méi Virdeeler am Konsum.

Den Haaptgrond deen d’Leit ugi firwat si Cannabis konsuméieren ass fir sech ze entspanen a Stresssymptomer ze reduzéieren. Ronn 70 Prozent vun de Befroten hunn och uginn doduerch besser schlofen ze kënnen.

Lauschterenplay_arrow