Radioen

On air

Tockcity  |  Your Neighbors - No Dice

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Schülerinnen aus dem ECG kämpfe géint KO-Drëpsen

"Elegantly Safe"

Véier Schülerinnen aus dem ECG kämpfe géint KO-Drëpsen

Et ass schwéier nozeweisen, datt KO-Drëpse benotzt goufen, fir Fraen ze betäuben an ze mëssbrauchen. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt dat guer net méi virkënnt. Där Meenung sinn och véier Schülerinnen aus der Stater Ecole de Commerce et de Gestion, dem ECG. Si hunn eng Mini-Entreprise gegrënnt, déi hëllefe soll, kontaminéiert Gedrénks ze erkennen. 

auto_stories

2 min

headphones

9 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

KO-Drëpse richt a schmaacht een net, wa se bis am Gedrénks sinn. Dacks fillt et sech och éischter un, wéi wann een ze vill gedronk hätt. Wann een de Verdacht huet, datt een eppes mat KO-Drëpse gedronk huet, soll ee bannent den éischte 24 Stonnen an d‘Klinik goen, fir ee Blutttest ze maachen. Dann ass et awer dacks schonn ze spéit.

Preventive Schutz

D'Mini-Entreprise, déi d'Félicie Hannon matgegrënnt huet, wëll preventive Schutz ubidden, erkläert si am 100,7-Interview.

Dofir wëlle si ee Bracelet erausbréngen, deen Elegantly Safe heescht. Am deem Bracelet si kleng Bliedercher verstoppt, déi op Drogen testen, esou d'Félicie Hannon.  

"An et ass ganz einfach. Et huet een da säi Glas, hëlt een eng Drëps, et mécht een déi op de Strip an dann ännert d'Faarf am Fong, ob d'Glas kontaminéiert gouf, oder net."

D'Tester grëffbereet hunn

Där Tester gëtt et och haut schonn. De Bracelet soll et engersäits méi uspriechend maachen. Virun allem geet et awer drëms, d‘Bliedercher méi grëffbereet ze hunn. 

"Et ass och e puermol komplizéiert, drun ze goen, wann een en zum Beispill an d'Housse vu sengem Telefon mécht oder iergendwann säi Kuerf. Et ass net ëmmer ganz evident."

An engem Labo goufen déi Bliedercher u richtegen Droge getest. D'Tester wiere fiabel gewiescht, erkläert d'Félicie Hannon.

Design kann elo an d'Produktioun goen

D'Produktioun wier net ganz einfach, betount d'Matgrënnerin vun der Mini-Entreprise. D‘Produktiounskäschte wieren héich an de Mechanismus komplex. Iwwerdeems wier et och schwiereg gewiescht, een Hiersteller bannent der EU ze fannen. De Bracelet soll laanglieweg sinn, idealerweis also aus engem Metal, an aus engem hypoallergeene Material, erkläert d'Félicie Hannon. 

Eréischt gëschter um Sonndeg ass den Design vum Bracelet fäedeg ginn. Haut um Méindeg gëtt en dann un d'Produktiounsfirma geschéckt. 

Lauschterenplay_arrow