Och de Secondaire war deemno staark betraff: Den Dikrecher Lycée zum Beispill, hätt am Januar 40 Prozent méi Ausfäll gehat, wéi zejoert, seet den Direkter Marcel Kramer. Et wier mat Momenter enk ginn. D’Situatioun wier awer nach ze meeschtere gewiescht.
Prioritéite setzen
Et gëtt kloer Demarchë fir d’Lycéeën, wann een Enseignant oder eng Enseignante ausfält, erkläert den Direkter vum Dikrecher Lycée, Marcel Kramer. Deemno gëtt gekuckt, ob ee Cours, deen ausfält, mat engem anere getosch gëtt, ob een eng Surveillance organiséiert oder nach, ob d’Schüler fräigestallt ginn.
“Do musse mir natierlech da prioriséieren. Dat heescht, mir gesi jo dann, wa mir ganz vill Leit hunn, déi ausfalen, da schécke mir natierlech eis Surveillante. Déi ginn da virun allem mol op deenen ënneschte Klassen agesat.”
Bis Troisième mussen d’Elteren hiren Accord ginn, fir d’Schüler a Schülerinne fräizestellen. Septièmesklasse géifen aus Prinzip net fräigestallt, ënnersträicht de Marcel Kramer.
Anescht wéi am Secondaire, riskéiert an de Grondschoulen d’Betreiung fir ee ganzen Dag ze feelen, wann d’Enseignante oder den Enseignant ausfält. Och do, wier een awer gutt opgestallt, betount de Joël Mischaux, Regionaldirekter fir d’Grondschoulen an de Gemengen Diddeleng, Rëmeleng a Keel: All Direktioun hätt ee Pool u Remplaçanten, op déi d’Grondschoulen zeréckgräife kënnen.
Keen Impakt op d’Qualitéit vum Cours
Eng weider Alternativ wiere sougenannt "journalières": Leit déi ee Stage de Remplacement gemaach hunn. Déi gi virun allem agesat, fir kuerzzäiteg ze ersetzen. An och d’Léierpersonal aus de Schoule selwer, géif séier mat Léisunge kommen. Sief et fir ee Changement d’horaire oder fir a fräie Stonnen anzesprangen, betount de Joël Mischaux.
Béid Direktere weise sech iwwerzeegt, datt dës Grippesaison keen Impakt op d’Qualitéit vum Cours hätt. Et wier net mat der Situatioun aus der Pandemie ze vergläichen, betount de Joël Mischaux. D’Schouljoer wier och nach laang genuch fir all eventuelle Retard duerch den Ausfall vu Léierpersonal opzehuelen, seet de Direkter vum Dikrecher Lycée Marcel Kramer.