Radioen

On air

Arty Party  |  Billy Idol - Eyes Without A Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ëffentlechkeet schätzt d'Onofhängegkeet vun der Justiz als ganz héich an

Rapport vun der EU-Kommissioun

D'Ëffentlechkeet schätzt d'Onofhängegkeet vun der Justiz als ganz héich an

De rechtleche Kader fir d‘Verëffentleche vun ëffentlechen Dokumenter hei am Land misst virugedriwwe ginn. Dat ass eng Recommandatioun vun der EU-Kommissioun an hirem Rapport iwwer d‘Rechtsstaatlechkeet zu Lëtzebuerg. Den Niveau vun Onofhängegkeet vun der Justiz hei am Land gëtt iwwerdeems als ganz héich ageschat.

auto_stories

1 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels

Weider sollen all zivil, penal an administrativ Prozedure komplett digitaliséiert ginn. D‘Kommissioun begréisst iwwerdeems ënnert anerem, datt den neie Conseil national de la justice zënter leschtem Joer voll operationell ass. Seng Missioun ass et, fir den onofhängege Fonctionnement vun der Justiz ze iwwerwaachen.

Generell géif d‘Ëffentlechkeet den Niveau vun Onofhängegkeet vun der Justiz hei am Land iwwerdeems als ganz héich ugesi ginn, heescht et nach am Rapport vun der EU-Kommissioun.