Radioen

On air

Simon Says  |  Odyssey - Native New Yorker (12" Disco Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzskandal bei der Caritas: Verdächtegt Persoun huet sech gestallt

Verontreie vu Suen

Finanzskandal bei der Caritas: Verdächtegt Persoun huet sech gestallt

De Parquet huet de Méindeg den Owend matgedeelt, datt sech an der Affär ëm detournéiert Sue bei der Caritas eng Persoun gestallt huet. Op Unuerdnung vum Untersuchungsriichter gouf d‘Persoun verhaft.

auto_stories

1 min

Caritas Logo | © Jo Diseviscourt

Eng vun den zentrale Froen ass elo, wéi ronn 61 Milliounen Euro vu Caritas-Konten op aner Konten a Spuenie konnten iwwerwise ginn, ouni datt Caritas-intern eppes opgefall ass.

De Freideg hat de radio 100,7 gemellt, datt d'Caritas an ee grousse Finanzskandal verwéckelt ass. Eng gutt placéiert Mataarbechterin steet am Verdacht, der sozialer Organisatioun ronn 61 Milliounen Euro geklaut ze hunn.

D'Regierung hat de Freideg matgedeelt, datt se an enkem Kontakt mat der Caritas ass, fir no Léisungen ze siche fir d'Kontinuitéit vun den Aktivitéiten z'assuréieren. Onofhängeg vun der Situatioun bei der Caritas misst de Staat sécherstellen, datt déi Strukturen, déi d'Caritas betreit, weider geféiert ginn. Esou zum Beispill Strukture fir Sans-abrisen oder Flüchtlingen, sot de Premier Luc Frieden.

D’Mataarbechter:inne kéinte sech drop verloossen, datt si hir Pai weider kréien, sot de Caritas-Generaldirekter de Méindeg de Moien op der Antenn vum radio 100,7.

Muer de Mëtteg um hallwer zwou wäert d'Chamber sech mam Caritas Dossier befaassen. Dat seet déi gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard op Nofro hin.