D'Geriicht huet de Jugement sur accord guttgeheescht, deen déi zwee Ugeklote mam Parquet ausgehandelt hunn. Si kréie reprochéiert, datt si a Spuenie Bankkontoen opgemaach hunn: Kontoen, iwwer déi een Deel vun den 61 Milliounen Euro transitéiert sinn, déi d'Caritas zejoert geklaut krut.
Reprochë géint 7 weider Persounen
De Philippe Stroesser, Affekot vun den zwee bulgaresche Männer, huet de Jugement sur accord haut am 100,7-Interview begréisst. Déi zwee Männer hätte just eng ganz kleng Roll an der Caritas-Affär gespillt a wiere vu Kriminellen instrumentaliséiert gi fir Kontoen zur Verfügung ze stellen.
"Le parquet a aussi constaté qu’ils ont pleinement collaboré: ils ont fourni des informations, dit la vérité dès le départ, et fait preuve de transparence. Il a également été pris en compte qu’ils n’avaient aucun antécédent judiciaire. Ce ne sont pas des délinquants connus pour avoir commis des infractions auparavant. Ils se sont retrouvés embarqués dans cette affaire, avec une conscience certes floue de faire quelque chose d’illégal, mais sans en mesurer ni la portée exacte ni l’ampleur de la fraude ou du détournement auquel ils ont indirectement participé."
7 weider Persoune kréie reprochéiert, Kontoen opgemaach ze hunn, déi fir d'Fraude benotzt goufen. Dernieft ass och déi fréier Finanzdirektesch vun der ONG inculpéiert, well si d'Suen a Spuenien transferéiert huet. Si seet, si wier op Krimineller eragefall.