Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Chambre de Commerce fuerdert nohalteg ëffentlech Finanzen

Wirtschaft

D'Chambre de Commerce fuerdert nohalteg ëffentlech Finanzen

Nohalteg ëffentlech Finanzen, Pensiounen an eng nohalteg sozial Ofsécherung fir all Generatioune garantéieren: dat verlaangt d’Chambre de Commerce, déi haut hir Analys vum Regierungsprogramm presentéiert huet.

auto_stories

1 min

Wat de Pensiounssystem ugeet, wier eng Reform néideg, an net nëmmen eng breet Consultatioun. D’Handelskammer vermësst och Zuelen zum Impakt vun de geplangte steierleche Mesuren, grad wéi Projektiounen iwwert déi ëffentlech Schold. Ganz vill Moossnamen am Programm vun der CSV-DP-Regierung géife vill Sue kaschten, z.B. déi am Beräich vum Logement, huet de Generaldirekter Carlo Thelen fest gestallt.

Méi generell huet d’Handelskammer sech zefridde gewisen, datt am Regierungsprogramm vill Mesurë stéingen, déi si recommandéiert hat. Elo wieren déi richteg Prioritéiten néideg.