arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Aartevillfalt vun de Wëllbeien zu Lëtzebuerg ass a Gefor

Konservatiounsaarbecht

|
headphones

3 min

D’Aartevillfalt vun de Wëllbeien zu Lëtzebuerg ass a Gefor

D’Beie si schonn zënter Joren a Gefor, sief et wéinst Krankheeten, Parasitten oder engem Mangel un Narung. Virun allem déi sougenannte Wëllbeie kämpfen ëm hiert Iwwerliewen hei zu Lëtzebuerg. Ee Grond heifir ass, datt si, am Verglach mat de geziichten Hunnegbeien, vill méi selektiv si bei hirem Fudder sinn.

headphones

3 min

Alexander Weigand, Biolog am Naturmusée
Alexander Weigand, Biolog am Naturmusée

Et ginn 310 verschidden Aarte vu Wëllbeien hei am Land. Eng Zuel, déi awer warscheinlech méi grouss kéint sinn, erkläert den Alexander Weigand, Curateur vun der Zoologie am Naturmusée. Soumat géifen et eigentlech 390 Aarte ginn, mee et hätt ee bei ville keng Hiweiser méi fonnt an de leschte 25 Joer, wat eventuell op een Zeréckgoe vun der Aartevillfalt deite kéint. Vill vun deenen Aarten, déi nach nogewisen zu Lëtzebuerg ze fanne sinn, sinn aktuell bedreet.

Net all Bei mécht Hunneg

D’Wëllbeien ënnerscheede sech vun den Hunnegbeien doranner, datt si an der Reegel Eenzelgänger sinn, keen Hunneg produzéieren an net an engem Stack, mee am Buedem liewen. Och sinn déi Wëllbeie méi spezialiséiert, wat hire Choix u Bléien ubelaangt. Aus deem Grond kéinten hir Bestand och séier gefäerdet ginn, wann d’Planzevillfalt am Land erofgeet, seet den Alexander Weigand.

De Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) surveilléiert, a Kooperatioun mam Naturmusée, d’Bestänn vun de Wëllbeien zu Lëtzebuerg. Gläichzäiteg huet den Naturmusée ee Projet um Lafen, deen erfaasse wëll, wéi eng Beie wou am Land virkommen. Fir déi Aarbecht ginn d’Beien och deelweis gefaangen. Dat geschitt mat verschiddene Manéieren: Sou geet ee beispillsweis och ganz klassesch an d’Felder fir d’Beie mam Netz ze fänken. Bei enger anerer Method ginn d’Déieren op klengen Äisbléck erofgekillt, fir da kënnen héichopléisend Fotoe vun hinnen ze maachen. Déi Fotoen hëllefen da bei der Bestëmmung vun der wëller Bei, erkläert den Alexander Weigand.

De Liewensraum vun de Beie verschwënnt

Déi Wëllbeie wieren aus verschiddene Grënn bedrot. De Verloscht vu Liewensraim, den Asaz vu Pestiziden an d’Flächeversigelung duerch d’Baue vu Stroossen an Haiser géif de Wëllbeie schwéier zousetzen. Och fannen d’Beien ëmmer manner Bléien, seet de Curateur vun der Zoologie am Naturmusée. Et wier dohier wichteg, méi lëtzebuergescht Geseems ze planzen an och d’Pestiziden ze reduzéieren. Fir deen Zweck entwéckelt den Naturmusée lëtzebuergesch Sommëschungen. Eng weider Initiativ fir de Wëllbeien ze hëllefen ass et am Mee net ze méien. Et wier nämlech an deem Mount, wou vill vun de wëlle Beien aus dem Buedem komme géifen, fir no Bléien ze sichen. Dem Alexander Weigand no, wier et méi favorabel fir d’Déier, wann an där Zäit méi Grieser, Blummen a Planzen ze fanne wieren.

En neit Raubdéier

Eng weider Bedroung fir d’Wëllbeien an d’Hunnegbeien ass déi asiatesch Runn, en Déier, dat sech op d’Juegd vun Hunnegbeie spezialiséiert huet. Si sinn iwwer de Schëffsverkéier tëschent Asien an Europa mëttlerweil och zu Lëtzebuerg ze fannen. Am Fall wou een en Nascht vun dësen asiatesche Runne fanne sollt, kann een dat per E-Mail um Website neobiota.lu mellen. Den Alexander Weigand seet awer och, datt et net méi méiglech wier, fir d’Verbreedung vun der asiatescher Runn an Europa ganz ze verhënneren.