arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Crans-Montana: Späizmännercher op Schampesfläschen hu wuel d'Feier ausgeléist

Update

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Crans-Montana: Späizmännercher op Schampesfläschen hu wuel d'Feier ausgeléist

No der Brandkatastroph zu Crans-Montana an der Schwäiz op Neijooschdag bleift de Bilan bei 40 Doudeger, déi nach net identifizéiert konnte ginn. Iwwerdeems weisen éischt Indicen dorop hin, datt Späizmännercher op Schampesfläschen d'Feier ausgeléist kéinten hunn.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE
(Foto: EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE)

D’Procureure générale vum Kanton Valais, d’Béatrice Pilloud, huet éischt Conclusioune gezunn iwwer d’Ursaache vum Brand. Déi Hypothees, déi fir den Ament zeréckbehale gëtt, ass déi, déi schonn op de Soziale Reseauen ernimmt gouf, nämlech Schampesfläschen, op deene Käerze waren, déi ee Freedefeier späizen.

Déi hätten de Plaffong a Brand gestach. Dono huet sech d’Feier extrem séier verbreet, wat zu enger Explosioun gefouert huet.

Blockéiert Noutausgäng

Op Videoen, déi zirkuléieren, gesäit een, datt d’Feier sech iwwer eng Mousse um Plafond verbreet huet. Dat géif och an der Enquête ënner d’Lupp geholl ginn, esou d’Beatrice Pilloud.

"L'enquête déterminera, ou non, dans la mesure du possible, elle le déterminera, si cette mousse est conforme, si elle est à l'origine ou pas, et vraiment l'enquête portera là-dessus. Aujourd'hui, je ne suis pas en mesure, compte tenu du peu d'heures qui s'est déroulées, de vous assurer et de vous dire avec certitude que c'est effectivement une mousse qui n'est pas conforme ou qui est conforme, qui a été posée avec autorisation ou sans autorisation."

Vill Froe goufen iwwer den Noutausgang opgeworf. Déi Bar hätt der e puer gehat, mee an der Panik a mam Damp hätte wéineg Leit dee Wee genotzt, gouf och nach op der Pressekonferenz erkläert.

Ee Lëtzebuerger aus dem Spidol entlooss ginn

Iwwerdeems bleift de Bilan bei 40 Doudeger. Ënner den 119 Blesséierter konnten der 113 Patiente kloer identifizéiert ginn. Fir 6 weider Patiente wier een am gaangen, déi Recherchen ofzeschléissen.

D’Majoritéit - 71 Patienten - kommen aus der Schwäiz. Op der Lëscht steet ee Lëtzebuerger, deen no kuerzer Behandlung konnt d’Spidol nees verloossen.

Weider sinn et 14 Fransousen, 11 Italieener, 4 Serben, 1 Portugis, 1 Pol, 1 Bosnier, an 1 Belsch. Dat gouf op enger Pressekonferenz vun de Schwäizer Autoritéite preziséiert.

play_arrow Lauschteren