arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eurobarometer: Europäer fille sech ëmmer méi bedrot

Europa

|
headphones

1 min

Eurobarometer: Europäer fille sech ëmmer méi bedrot

Eng Majoritéit vun de Befroten aus dem Eurobarometer hunn uginn, datt d’Europäesch Unioun méi misst an d’Verteidegung investéieren an datt hiert Sécherheetsgefill ëmmer méi bedrot wier.

headphones

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Am opfällegsten ass, d‘Resultat, datt iwwer zwee Drëttel uginn hunn, hiert Land als bedrot ze gesinn. Dat Gefill ass am stäerksten a Frankräich, Holland, Dänemark, Zypern an Däitschland ausgepräägt. Lëtzebuerg läit do mat 55 Prozent ënner dem EU-Duerchschnëtt.

Méi an d’Defense investéieren

D‘Lëtzebuerger hunn nach ëmmer dat héchste Vertrauen an d‘Europäesch Sécherheets- an Defensekapazitéiten. D‘Hallschent vun de Befroten hei am Land géifen déi aktuell Investitiounen als adequat gesinn. All Véierten hält d‘Ausgaben an der Defense fir net genuch.

Den Eurobarometer gouf am Virfeld vun der Münchener Sécherheetskonferenz publizéiert, fir d‘Sécherheetsgefill ze moossen.