arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rumänien convoquéiert russeschen Ambassadeur

Dronen a rumäneschem Loftraum

|
headphones

1 min

Rumänien convoquéiert russeschen Ambassadeur

Rumänien huet vun engem inacceptabelen Tëschefall geschwat. Dat nodeems eng russesch Dron de rumänesche Loftraum passéiert hat.

headphones

1 min

© EPA/PIOTR POLAK POLAND OUT
(Foto: EPA/PIOTR POLAK POLAND OUT)

Rumänien huet um Sonndeg de russeschen Ambassadeur convoquéiert. Russland misst deemno alles ënnerhuele fir esou Aggressiounen an Zukunft ze verhënneren. 

D‘lescht Woch eréischt waren 19 russesch Dronen an de polnesche Loftraum geflunn. D‘NATO huet als Reaktioun Kampfjetten an déi ëstlech Staate verluecht, parallel sollen d‘Loftofwiersystemer elo séier ausgebaut ginn.