arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camion vu Lëtzebuerg ënnerwee mat Hëllefsgidder fir Portugal am Wäert vun 80.000 Euro

Stierm a Portugal

|
headphones

1 min

headphones

4 min

play_arrow

Camion vu Lëtzebuerg ënnerwee mat Hëllefsgidder fir Portugal am Wäert vun 80.000 Euro

Den Opruff fir a Portugal no de schwéiere Stierm an domat verbonnene Schied ze hëllefen ass gutt zu Lëtzebuerg ukomm. Dat sot de Francis da Silva, President vun der Chambre de commerce Portugal zu Lëtzebuerg am 100,7-Interview.

headphones

1 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Haaptbréck tëschent Porto a Lissabon ass beim Stuerm Nils geschiedegt ginn | © EPA/MIGUEL A. LOPES
D'Haaptbréck tëschent Porto a Lissabon ass beim Stuerm Nils geschiedegt ginn (Foto: EPA/MIGUEL A. LOPES)

Mëttlerweil wier och e Camion mat Hëllefsgidder am Wäert vun 80.000 Euro ënnerwee.

Den Opruff hat sech haaptsächlech un Entreprisë geriicht. De Francis da Silva erkläert, datt villes gespent gouf, wat wichteg ass fir ofzedecken an nei opzebauen. Also zum Beispill Bachen an Toillen. Awer och Aarbechtsgeschier gouf gespent. 

"Des vêtements de travail, des outils pour travailler en chantier, de la peinture et des choses comme ça. On nous a aussi offert des portes, également des lits pour enfants. Voilà, tout ce qui est utile.”

Portugisesche Staat këmmert sech ëm psychologesch  Hëllef

Et wier een och schonn amgaangen en zweete Camion ze preparéieren. Nieft materiellen Hëllefe wier et awer och immens wichteg, datt psychologesch Hëllef an den Iwwerschwemmungsgebidder op der Plaz zur Verfügung gestallt gëtt, esou nach de Francis da Silva.

Do hätt de portugisesche Staat och scho vill Psychologen agesat, esou nach de President vun der Chambre de commerce Portugal.

play_arrow Lauschteren