Neien hollännesche Premier gëtt de lénksliberale Rob Jetten vun der Partei D66. Mat 38 Joer ass hien dee jéngste Regierungschef jeemools an Holland.
Seng Partei hat d‘Wal am Oktober zejoert knapp virun der Partei vum Rietspopulist Geerts Wilders gewonnen. Zesumme mat de Chrëschtdemokraten a Rietsliberale forméiert D66 eng Minoritéitsregierung.