Et wieren 30 Persounen aus dem Zuch erausgeholl ginn. Déi Streck, wou d‘Accident geschitt ass, tëschent Goppenstein a Brig, war wéinst enger Lawin ënnerbrach. Ob dat de Grond war fir d‘Entgleisung ass nach onkloer.
Wéinst dem ville Schnéi ass d‘Situatioun an den Alpen ganz ugespaant. De Weekend sinn zwee Snowboarder an Éisträich duerch eng Lawin ëm d‘Liewe komm, wéi d‘Police matdeelt.
An no engem weidere Lawinen-Accident an den italieeneschen Alpen de Weekend, ass och den drëtte Schifuerer, dee verschott war, gestuerwen. De 35 Joer ale Mann ass elo zu Turin an der Klinik verscheet.