arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Verkaf vu Waffen a Sex-Poppen a Kanneroptik geet EU-Kommissioun géint Shein vir

Onlinehändler

|
headphones

1 min

No Verkaf vu Waffen a Sex-Poppen a Kanneroptik geet EU-Kommissioun géint Shein vir

Nom Skandal ronderëm de Verkaf vu Kanner- Sexpoppen huet d‘EU-Kommissioun elo eng Prozedur géint de chineeseschen Online-Händler Shein an d‘Weeër geleet.

headphones

1 min

EPA/TERESA SUAREZ | © EPA/TERESA SUAREZ
"Shein Non Merci" (Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

D‘Kommissioun geheit Shein vir, net genuch géint illegal Produiten op hirer Plattform gemaach ze hunn an de Konsumenteschutz net respektéiert ze hunn. 

Shein hat an de leschte Méint fir vill Kritik an Europa gesuergt. Nieft Sexpoppen, déi wéi Kanner ausgesinn hunn, konnt een do och online Waffen a Medikamenter kafen.

Frankräich hat Drock op d‘EU-Kommissioun gemaach fir géint Shein duerchzegräifen. Déi franséisch Regierung hat och probéiert, d‘Online-Plattform fir dräi Méint ze spären, war domat awer net viru Geriicht duerchkomm.